Berbourg I séchert sech ee weideren wichtegen Punkt

Beim FC Munsbach konnten eis Jongen sëch ee weideren Punkt géint een direkten Konkurrent sécheren andeems se een 0-0 Endresultat gedeelt hun.

En regelrechten "Heemmatch" haaten mer, mat bedeitend mei Berbuerger Supporteren wei Mensbecher. Allerdengs goufen beid Supporteren fussballeresch déi 1. Halschent guer net verwinnt. Chancen goufen et quasi keng an de Match ass just vun 16er op 16er gaang.

1.Geleenheet vum Match haaten dei Mensbecher, wei se an der 20. Minutt een Fräistouss geféierlech op den Goal gedreit hun, mee eisen Keeper, den Yves Bossers, am Nofaassen den Ball sécheren konnt. 2 Minutten drop degagéiert hien ee Ball onglecklech an de Fouss vun engem Mensbecher, deen awer mat sengem 22-Meter Schoss den Goal wait verfehlt.

Berbuerg, insgesamt vill ze harmlos an onsécher, koumen 2 mol erwähnenswert virun den Goal: an der 25. verzitt den Christian Albrecht ee Waitschoss a kuerz virun der Pause schéisst den Manuel Kaufmann ee Fräistouss zentral op den Keeper.

Nom Pausentéi koumen eis Jongen méi drockvoll aus der Kabin. An der 50. Minutt huet den Steve Lacroix een éischten Warnschoss oofgin. Chance haate mer an der 53. Minutt, wou den FC Mensbech eng gudd Flank leng virum Goal net verwerten konnt. Am direkten Géigenzuch haat den FC Berdenia d'Chance vum Match. Den David Klein setzt den Lacroix super am 16er an Szene, deen leng virum Keeper optaucht, sain Lenksschoss awer leider vum Keeper deviéiert get. Mat der Awiesslung vum David Schuster gouf d'Offensivspill vu Berbuerg zousätzlech beliewt.

An der 62. Minutt konnt den Keeper een gudden Kappball vum Dennis Gansen no enger Flank vum Pol Petry nëmmen nô fir wegboxen, den aschossbereeten David Klein gouf awer oofgeblockt.

An der 80. Minutt setzt sech den David Schuster op lénks duerch, mee den Ball get am leschten Moment an den Aus oofgewiert. Den uschleissenden Corner konnt den Albrecht per Kapp nët entscheedent genuch op den Goal brengen.

An der läschter Spillminutt (94.) hunn dei Mensbecher nach 2 Corneren ausgefouert, ouni awer fir Gefor ze suergen.

Alt rëm nët verluer, mat engem wichtegen Punktgewënn auswäerts. Den Sonnden gëllt et dann rëm Alles ze ginn, wa mer um 16:00 Auer

Fluessweiler/Beyren am Stade Rénert empfänken.

 

FCBB: Bossers - Scholtes, Weidert, Dias, Petry - Kaufmann (C), Albrecht, Lacroix, Juncker - Gansen, Klein

Réserve: Dos Santos, Schuster, Sequeiros, Oswald, Schmit

Net dobäi: Frank, Guth, Thies, Dockendorf, Dahm

Share |