Minimes verléieren héich géint den Daring Echternach 2-8 (2-2)

BERBOURG - ECHTERNACH 2-8 (2-2)

 

Géint e spillerech an kämpferesch iwerleeëne Géigner koum eis Equipe déi 2. Halbzeit béis ënnert d‘Rieder.

D’Féierung vum Daring konnt de Steven DOS SANTOS no ronn 20 Minuten ausgléichen, an dee selweschte Spiller huet esouguer den 2-1 fir d’Heeméquipe erausgeschoss, nô enger ganz flotter Kombinatioun. Praktesch mam Pausepëff as op Corner hinn den Ausgléich gefall fir Iechternach.

 

An deenen zweeten 35 Minuten war et géint e Géigner, wou gewosst war dass hien eng ganz agressiv Spillweis huet, de kollektiven Ënnergang. D’Jongen aus der Sauerstadt si spille gelooss ginn, den Zweekämpf si mer aus dem Wee gaangen, an d’Goaler sin een nom ânere gefall. Trotz zwee Ausfäll an der Verteidejung dierf dat nët passéieren, emsou méi d’Spiller gewarnt waren an deemno genau woussten wéi de Géigner giff optrieden.

 

Et heescht elo e Samsdeg géint Lëntgen/Luerentzweiler alles ze gin fir déi éicht 3 Punkten ze kréien !

 

Equipe :

Bob SCHRANTZ - Jérôme KRING , Cyrille NICKELS (Cap.) Sam KONSBRÜCK, – Charel KREMER, Serge KINNEN- Yannick SCHROEDER, Glenn ARTOIS, Nicolas OSWALD – Damien STEFFES an Steven DOS SANTOS.

Reserve: Nick ASSEL (Goal), Jo PITZEN

Share |