Den eischten "Dräier" fir d'Joer 2012

 

Um 3. Spilldag an der Réckronn konnt den FC Berdenia 3 Punkten doheem behaalen, dëst no engem 3-0 (1-0) geint den FC Schifflange 95.

 

D'Visiteuren, dei mam Réck zur Mauer stungen, hunn direkt agressiv an drockvoll ugefaang a konnten sech dei eischt Minutten vum Match een liicht Iwwergewiicht erspillen. Chancen haaten awer dei Berbuerger. Sou war et den Steve Lacroix, deen an der 7. Minutt no engem Corner mat sengem strammen Schoss um Schefflenger Keeper scheitert. An der 15. Minutt verpasst rëm den Lacroix mat engem Wäitschoss den Goal.

Dei eischt gudd Chance haaten d'Minetter an der 19. Minutt., wei den Stiermer vum FCS sëch iwert lenks duerchsetzt an den Oofschloss sicht. Säi Schoss geet awer knapp derlanscht. Mëttlerweil hat den FC Berdenia de Match mei oder weineger ënner Kontroll, ouni awer zwéngend geféierlech ze ginn. Méi kleng Chancen goufen ët an der 24. Minutt (Christian Albrecht), 32. Minutt (Christophe Frank) an 34. Minutt (David Klein).

An der 37. Minutt haat den FCS den 0-1 um Fouss, mee den Spiller verfehlt freistehend den Goal aus 10 Meter.

Hektesch gouf et an der 39. Minutt: Den David Klein profitéiert vun Onstëmmegkeeten an der Schefflenger Défense a mëcht sech eleng an Richtung Goal. Do gët en awer kuerz virun der Strofraumgrenz onfair gebremst an dem Arbiter as näischt Aaneschtres iwwreg bliwen, wei dem Schefflenger dei rout Kaart weinst Noutbrems ze weisen.

 

2 Minutten drop konnt den FC Berdenia den erléisenden 1-0 markeieren, wéi den Christian Albrecht no engem Corner mat engem scheinen Kappball den geignereschen Keeper iwwerlupft.

No der Paus hun dei Schefflenger direkt mat enger gudder Geleenheeët op sech opmierksam gemaach: an der 48. Minutt konnt den Manuel Kaufmann een gefeierlechen Kappball op der Linn ofwieren. No engem schnellen Spillzuch an der 51. Minutt huet sech den Dennis Gansen gutt bis an den Stroofraum duerchgesaat an gët do bäim Laanschtlaafen heftëg vun den Been geholl. Eelefmeter war déi absolut richteg Konsequenz. De Christophe Frank huet ët sech net huelen gelooss an souverän zum 2-0 agenetzt.

Vun do un hun dei Berbuerger den Tempo rausgeholl an koumen nemmen nach vereenzelt zu gefeierlechen Aktiounen. Sou huet zum Beispill een oofgefälschtenen Fräistouss vum Dennis Gansen an der 64. Minutt just den Potto getraff an och den agewiesselten Berni Sequeiros konnt an der 87. Minutt den 3-0 aleng géint den Keeper nët markéieren.

An der 93. Minutt huet eist agewiesselt Nowuesstalent, de Jérôme Oswald, dee schons an der 2. Equipe op sech opmierksam gemaach huet, den 3-0 Endstand markeiert, dest an sengem alleréischten Seniors 1 - Optrëtt: Den Berni Sequeiros huet en Aworf schnell op den Christophe Frank ausgefouert, deen as mam Jèrôme Oswald leng an den Stroofraum gelaaf. De Christophe Frank leet am leschten Moment virum Keeper op den Jérôme Oswald, dee markéiert mat riets zum 3-0.

 

Eng zolitt Leeschtung huet zum verdengtenem eischten Succés am Joer 2012 gefouert. Dorobber kann een opbauen, zumols et am nächsten Match en Sonnden zu Mensbesch (16:00 Auer) ëm extrem wichteg 3 Punkten geet.

 

FC Berdenia Berbourg: Bossers - Petry, Weidert, Albrecht, Kaufmann - Guth(C), Lacroix Dias, Gansen - Frank, Klein

Réserve: Crelo, Oswald, Sequeiros, Dockendorf, Juncker

Net dobai: Schmit, Dahm, Scholtes, Schuster, Dos Santos, Thies 

Share |