Minimes verléieren zu Berdorf

ENTENTE BC01/CHRISTNACH – BERBOURG 2-1 (0-1 )

 

No zwee gudden Virbereedungsmatcher hun eis Minimes den 1. Championnatsmatch ganz onglécklech 2-1 zu Berdorf verluer.

Et war en absolut ausgeglachene Match tëschent zwou gläichwertegen Equipen mat enger ganzer Reih Chancen op béiden Säiten.

D’Heeméquipe as besser an de Match komm, mee eis Leit, déi kierperlech liicht ënerleeë waren, hunn mat vill Asatz dogéint gehalen. No engem Korner sin déi Giel/Schwarz kuerz virun der Paus 1-0 virkomm, dëst no engem Gewulls virum Goal. Et war de Jo Pitzen dee richteg stoung an dee konnt markéieren.

 

Nom Téi as et weider monter op an of gaangen an d’Heeméquipe koum duerch e Wäitschoss zum Ausgléich. Duerno war et de Steven Dos Santos deen ëmmer nees fir Gefôr gesuergt huet virum Goal vu BC01. Niewt gudde Chancen fir d’Heeméquipe waren et de Nicolas Oswald an de Bob Schrantz, deen déi 2. Halbzéit am Feld gespillt huet, déi gudd Chancen haten fir op 2-1 ze setzen.

 

Et sollt awer anescht kommen. Kuerz virum Enn vun der Partie huet d’Heeméquipe durech e weidere Wéitschoss déi 3 Punkten gehol.

Eiser Equipe as absolut kee Virworf ze maachen, si hunn eng gudd Leeschtung gewisen an de Match war ganz agréabel nozekucken.

 

Equipe :

Bob SCHRANTZ - Jérôme KRING , Cyrille NICKELS (Cap.) Sam KONSBRÜCK, – Leandro LOPES, Serge KINNEN- Yannick SCHROEDER, Glenn ARTOIS, Charel KREMER – Nicolas OSWALD an Steven DOS SANTOS.

Reserve : Nick ASSEL(Gol), Jo PITZEN, Sam WAINWRIGHT an Damien STEFFES

Share |