Berbuerg I léisst wichteg Punkten leien

Leider konnten eis Jongen sëch no der Defaite géint Beggen nët remkaafen an sech 3 Punkten sécheren. 

Et waren déi Keintzeger, dei et am Ufank zwee mol vu Wäitem probéiert hunn (8.+9. Minutt) mä den Yves Bossers hat keng Meih, den Ball ënner Kontroll ze bréngen.  Déi 1. Berbuerger Chance hat den Dennis Gansen, deen an der 14. Minutt ët och vun Wäitem probéiert huet. Chancen goufen et der weider nët vill, mä eis Jongen konnten sech virun der Paus een liicht Iwwergewiicht erkämpfen. An der 35. war et rëm den Dennis Gansen, deen et vun Wäitem probéiert. An der 36. Minutt, no engem Corner, kënnt den Charel Weidert zu enger gudder Kappballchance, mee den Keeper reageiert ganz gudd. Kuerz virun der Paus, eis beschten Chance: De Christophe Frank spillt den Ball op den Dennis Gansen, deen leet en zréck op den Steve Lacroix, mä deem säin Schoss verfeelt den Gol leider ëm Meter.

An der 2. Halschent war den FC Berdenia quasi inexistent um Terrain. Keintzeg huet domineiert an den Match kontrolléiert. Zu enger gudder Chance koumen se an der 49. Minutt, mee den Yves Bossers hält souverän am 1 geint 1 geint den Keintzeger Stiermer. An der 53. Minutt gouf een gefeierlechen Ball vun der Etoile Sportive in extremis nach an den Corner devieiert. Beschten Aktioun vum FCBerdenia an der 2. Halschent haten den David Klein an Christophe Frank an der 67. Minutt, wei den David Klein sech gutt am 16er op riets duerchsetzt, den Ball en retrait zreckpasst, mä den Christophe Frank en leider net méi erreechen kann.

Gleck haaten mer dann nach 3 mol bis zum Schluss. Den Yves Bossers entschärft nach 3 gudd Aktiounen (71., 87. an 89. Minutt), all Keiers geint den Mann an am Endeffekt verdanken mer him den  Punktgewenn.

 

 

FCBB: Bossers - Petry, Weidert, Albrecht, Kaufmann - Guth, Dias, Lacroix, Gansen - Klein, Frank

Réserve: Dos Santos, Juncker, Dockendorf, Thies, Sequeiros.

 

Net dobäi: Schmit, Scholtes, Schuster, Dahm

Share |