Beggen schockt Berbuerg : 1-4 (1-2)

Virun villen Leit kruten eis Jongen beim Réckronnenufank, onglécklech héich, eng op den Deckel. Trotz eng ganzer Réih vu Virebereedungsspiller leeft ët nach nët optimal an eiser Equipe, an d'Néierlag géint Beggen, déi sëcher ze héich ausgefall ass, ass d'Konsequenz dovunn.

An deenen éischten 20 Minutten haten d'Wiichtelcher méi vum Match. Sou kommen se an der 12. Minutt zu enger gudder Chance. 4 Minutten méi spéit huet Beggen den 0-1 markéiert, deen allerdéngs zurecht wéinst Abseits annuléiert gouf. An der 27. Minutt hunn se den 1-0 awer regulär markéiert, wei den Stiermer no engem laangen Ball no fir dem Yves Bossers am Goal keng Chance léisst.

 

Dono sinn eis Jongen erwächt an hunn besser no fir gespillt. An der 31. Minutt verfeelt den Dennis Gansen eng Kappballchance no gudder Flank vum Serge Guth. An der 33. koumen eis Faarwen zum Ausgläich.

Ee strammen Fräistouss vum Manuel Kaufmann konnt den Serge Guth mat engem schéinen Lupfer zum 1-1 ofschléissen. 5 Minutten drop haten déi Beggener Gléck, wou se in extremis ee Ball vum Dennis Gansen op der Linn klären konnten.

 

Kuerz virun der Paus gouf et dann een Opreeger. Den Beggener Stiermer, deen kloer am Abseits steet, gëtt gefoult an den Arbiter päift: Net Abseits, mä Eelefmeter. Deen konnt dunn zum onverdéngten 1-2 verwandelt ginn.

 

An der 2. Halbzeit goufen et och kaum kloer Goalchancen. Sou huet een Beggener Spiller an der 60. den Yves Bossers am Goal mat engem Lupfer getest. Beggen koum an der 71. Minutt zum 1-3 wou eis Jongen rëm ausgekontert goufen. An der 80. Minutt konnt d'Lat nach den 1-4 verhënneren, mä de strammen Noschoss sollt zum 1-4 Endstand aschloen. Déi läscht Chance am Match hat den FC Berdenia an der 85. Minutt, wou den agewiesselten Christophe Frank mat sengem Kappball den Beggener Keeper zu enger Glanzparad zwéngt.

 

Eng ganz kal Dusch fir eis Jongen. Et waren einfach ze vill Feeler am Opbau fir dei Beggener permanent ënner Drock ze setzen.

D'Ausleeung vun der Abseitsregelung huet awer och dozou bäigedroen, dass den Match sou héich ausgefall ass.

 

Fazit:  Wann eis Equipe och besser gespillt huet wéi an der schwacher Virbeeredungsphase, esou schéngen verschidde Spiller nô der Wanterpause mat de Gedanken nach nët bäi der Saach ze sinn. E Mangel u Konzentratioun a Kampfeswëllen sinn Schold drunn, dat ët nach nët richtech rond leeft. Mir dierfen den Ufank vun der Réckronn nët verschlôfen, all Match ass wichtech, an ët muss an all Match gekämpft ginn. Elo gëllt ët nächsten Sonnden zu Këntzeg dës Neierlaag auszebiggelen, an ze weisen dat d'Wanterpause definitif eriwwer ass.

 

FC Berdenia: Bossers - Petry, Weidert, Albrecht, Kaufmann - Thies, Lacroix, Dias, Guth - Gansen, Klein

 

Reserve: Dos Santos, Frank, Juncker, Scholtes, Dockendorf

 

Net dobäi: Schuster, Schmit, Sequeiros, Dahm

Share |