1. Equipe gewënnt den Indoortournoi zu Consdorf

Mat 3 Equipen war den FC Berdenia Berbourg déi lescht Woch zu Consdorf um Tournoi am Asaatz, woubéi eis 1. Equipe eng exzellent 1.Plaatz konnt erreechen. 

Seniors 1:

 

Beim alljähregen ASKAL-CUP zu Consdorf huet sech den FC Berdenia Berbourg virun voller Haal fir d'zweet dës Jâr eng 1. Plaatz an engem Haalentournoi erspillt.

 

Nodeems eis Jongen den Donneschden dei 2. Plaatz beluecht hun (2-1 géint Iechternach, 5-1 géint Närzeng an 4-5 géint Rosport) hun së e Sonnden an den Finallen de gudden an fairen Matkonkurrenten keng Chance mei gelooss.

 

5-3 géint Gasperech, 5-0 géint Rosport an 3-0 géint den CS Grevenmacher hun zum Schluss dei 1. Plaatz virun CSG, Gasperich an Rosport bedeit.

 

1. Berburg, 2. Grevenmacher, 3. Tricolore, 4. Rosport, 5. Christnach, 6. Berdorf-Consdorf, 7. Echternach, 8. Nörtzingen.

 

Weider geet et den Samsden, 28.01 um 16:00 Auer, geint Bastenduerf, allerdengs rm um Terrain wou den 1. Frëndschaftsmatch an der intensiver Präparatioun usteet.

 

Seniors 2:

 

Och eis 2. Equipe war zu Consdorf am Asaatz, sie sinn déi 3. ginn. Do huet Berdorf/Consdorf gewonn, virun Biwer an Chreschtnesch!

Eis Equipe huet 1 Match gewonn an 2 verluer.

 

1. Berdorf-Consdorf II, 2. Biwer II, 3. Berburg II, 4. Christnach II.

 

Minimes:



Den 1. Match géint Berdorf/Consdorf II ass 2-2 ausgangen. Direkt duerno ass ët géint Berdorf/Consdorf I gaangen, dëse Match hu mer mat 4-3 verluer.

 

Beim lëschte Match géint Iechternach, déi all Match um Turnéier gewonn hunn, waren ons Jongen an kierperlëcher an spillerëcher Hinsicht hofflungslos ënnerleeën, an dee Match ass mat 7-0 verluer gaangen.



1. Echternach, 2. E. Berdorf-Consdorf, 3. E. Berdorf-Consdorf II, 4. Berburg.







 

 

Share |