Berbourg 1 verléiert den leschten Match vum Joer

Virun villen Berbuerger Supporteren verléieren eis Jongen 2-0 (0-0) géint den direkten Konkurrent FC The Belval Belvaux. An engem serréierten Match am decken Niwwel, goufen et déi ganz éischt Halschent wéineg konkret Goalchancen.

Béid Equipen hunn sech wäitgehend am Mëttelfeld neutraliséiert, woubäi den FC Berdenia déi spillbestëmmend Equipe war.

An der 2. Halschent haten eis Jongen kuerz den Fuedem verluer, wat och direkt vun den Bieleser genotzt gouf. Haten se an der 49. Minutt nach knapp no enger Pass an d'Déift de Goal verfeelt, esou sollten se 1 Minutt drop belount ginn: No engem liichten Kierperkontakt mam Pol Petry kennt de Bieleser zu Fall, an den Arbiter huet op de Punkt gewisen. Den Eelefmeter konnt zum 1-0 verwandelt ginn. An der 61.Minutt haat den Christophe Frank eng gudd Kappballchance no engem Fraistouss, mee den Ball as knapp driwer gaang.

Kuerz drop fält dann och den 2-0: Den Bieleser Stiermer gëtt ongedeckt am 16er ugespillt, ëmspillt ee Verteideger an markéiert aiskaal zum 2-0.

Berbuerg, nach ëmmer spillbestemmend, huet et weider probéiert, ouni dass vill dobäi erauskomm ass.

 

Dei Bieleser, mëttlerweil nëmmen nach zu 10 (giel-rout an der 68.Minutt) stoungen äusserst disziplinéiert hannendran an hunn op Konterchancen gelauert. Déi läscht grouss Chance fir déi Berbuerger hat den Christian Albrecht an der 78. Minutt, wou en sech vun 20 Meter een Häerz geholl huet, mä sait Waitschoss aus 20 Meter verpasst den Goal ganz knapp. Um Enn huet déi effektiv Equipe gewonnen an déi Berbuerger fueren mat eidlen Hänn vum läschten Match am Joer 2011 heem.

 

Op dësem Wee well den Comité sengen Jongen aus der 1. an 2. Equipe fir hier gelongen Hinronn felicitéieren an virun allem den villen, villen Supporteren M E R C I soen, fir déi grandios Ënnerstëtzung am ganzen Joer !

 

FCBB: Bossers - Petry, Albrecht, Weidert, Kaufmann - Thies, Dias, Sequeiros, Lacroix, Gansen - Frank

 

Reserve: Seil, Scholtes, Schmit, Guth, Dahm

 

Net dobäi: Dockendorf, Juncker (verletzt), Schuster

Share |