Berbuerg 1 zwéngt den souveränen Leader an d'Knéien

An engem intensiven an spannenden Match suergt den FC Berdenia fir de réicht 2te Punktverloscht fir den Tabellenéischten US Sandweiler an spillt 1-1 (1-0) am Stade Rénert zu Berbuerg. De Match, deen duerch eng Verspéidung vum Arbiter 45 Minutten méi spéit ugefaang huet, wosst déi ganz 90 Minutten duerch den heigen Tempo an eng grouss Intensitéit ze iwwerzeegen.

 

D'US Sandweiler huet drockvoll ugefaang an huet hiert bekannten Kuerzpassspill mat villen Flankenwiesselen duerchgezunn. D'Chancen haten awer déi Berbuerger: An der 6. Minutt préift den Christian Albrecht den Sandweiler Keeper per Wäitschoss. 2 Minutten drop verfeelt den Dennis Gansen knapp den Goal, wou en sech iwwert lenks am 16er duerchsetzt.

 

Eis Defensivreihen hu keng Sandweiler Goalchancen zougelooss: Disziplinéiert an robust hu se all Ugreffswell souverän ofgewiert. Een harmlosen Waitschoss an een schwaachen Kappball waren dei 2 eenzeg nennenswäert Offensivaktiounen fir d'US an der 1.Halschent.

 

Anescht den FC Berdenia: An der 41. Minutt spillt den Daniel Dias den Ball op den Dennis Gansen, dee léisst op der lenker Bande e puer Sandweiler mat sengem Tempodribbling stoen, an flankt flaach an den 16er op den Berni Sequeiros. Deen hellt den Ball am vollen Laaf op 11 Meter mat an schléisst aiskaal a Bedrängnis zum 1-0 Pausenstand of.

 

No der Paus hunn déi Sandweiler den Tempo erhéicht, sinn awer ëmmer rëm un eise Verteideger hänke bliwwen. An der 58. koumen se dunn awer zum Ausgläich. No engem Corner konnt ee mat opgeréckelten Verteideger den 1-1 per Kappball aus kuerzer Distanz markéieren. Sandweiler huet den Drock nach méi erhéicht an koum an der 68. rëm duerch een Kappball zu enger gudder Chance. An der 71. Minutt paréiert den Yves Bossers ee fulminanten Wäitschoss vun Sandweiler aus 16 Meter.

 

Berbuerg konnt ëmmer rëm duerch Konterattacken fir Entlaaschtung suergen an koum an der 87. Minutt zu hirer beschter Chance: Den agewiesselten David Schuster setzt sech duerch seng Schnellegkeet iwwer lenks duerch an spillt den Ball op den Christophe Frank, deen mat sengem Lenksschoss ëm e puer Zentimeter verfeelt.

 

D'Äntwert vum Tabellenéischten koum quasi am Géigenzuch: Eng Duebelchance konnt duerch 2 grandios Paraden vun eiser Nummer 1 vereitelt ginn a sou konnten mer eis no 94 spannenden Minutten mat engem gerechten 1-1 géint den Opstiegskandidat behaapten.

 

Felicitatiounen un eis Equipe! No der hefteger 0-4 Defaite beim Tabellenzweeten zu Stengefort, konnten se sech duerch hiert onermiddlecht Engagement an hier disziplinéiert Leeschtung zeréckkafen.

 

Leschten Match am Joer 2011 as NET nächsten Weekend, mee Mëttwochs, den 30.November um 19:30 Auer zu Bieles. Kommt all mat an ënnerstëtzt eis Jongen eng leschten Kéier dës Joer fir eis iwwerzeegend Hinronn ofzeschléissen.

 

FCBB: Bossers - Petry, Weidert, Schmit, Scholtes - Thies, Dias, Sequeiros, Albrecht, Kaufmann(C) - Gansen

 

Reserve: Seil, Frank, Schuster, Guth, Dahm

 

Net dobäi: Lacroix, Dockendorf, Juncker (verletzt)

Share |