Berbuerg 1 ouni Chance zu Stengefort

Géint den Sporting Steinfort konnten eis Jongen net un déi gutt kämpferesch Leeschtung vum leschten Weekend uknäppen an verléieren an engem ganz schwaachen Match um Enn verdéngt mat 4-0 (1-0).

An engem Match ouni grouss Goalchancen, an deem sech béid Equipen quasi déi ganz 90 Minutten am Mëttelfeld neutraliséiert hunn, war et den FC Berdenia, deen an der 29. Minutt déi éischt grouss Goalchance hat: No enger Flank vum Pol Petry verfeelt den Dennis Gansen per Kappball den Goal nëmmen ëm Zentimeter.

Déi éischt Chance fir d'Haushären sollt dann och zum schmeechelhaften Pausestand feieren. Eng Flank vun der rietser Säit konnt den Stengeforter Stiermer an der 42. Minutt per Kappball zum 1-0 notzen.

No der Paus koumen déi Berbuerger guer net méi an den Match. Déi Stengeforter sinn mäi staark ginn an konnten an der 54. Minutt den 2-0 markéieren, dest allerdéngs aus staark abseitsverdächteger Positioun.

Den FC Berdenia war lo rëm beméit no fir ze spillen an huet hannen d'Reim opgemaach. Dest gouf eis an der 76. Minutt zum Verhängnis, wou den Sporting no engem schnellem Konter den 3-0 markéiert an den Stiermer vun Stengefort dem Yves Bossers an eisem Goal keng Chance léist. 2 Minutten drop haten mer dann Gléck, dass een Stengeforter Wäitschoss just nach vun der Lat deviéiert gouf.

Eenzeg Berbuerger Goalchance an der 2. Halschent haat den Pol Petry wei en no engem Corner aus 15 Meter oofgezunn huet, den Keeper allerdengs am Wee stoung.

An der 90. Minutt markéieren déi Stengeforter den 4-0 aus 16 Meter, rem aus verdächteger Positioun. Et war een oofgefälschtenen Schoss deen och nach vum Yves Bossers liicht touchéiert ginn ass an sprëcht eigentlech fir den ganzen Match: Mir haten dësen Sonnden einfach keng Chance.

Stengefort notzt 4 vun 5 Goalchancen, dat nennt een Effizienz.

Eng batter Defaite, allerdéngs réicht déi Zweet an dëser Saison. Lo geet et drëm, schnell aus eisen Feeler ze leieren an sech schnellstmeiglech op den Topmatch nächsten Sonnden ze konzentréieren, wou den Fc Berdenia den ongeschloenen Tabellenleader aus Sandweiler um 16:00 am Stade Rénert zu Berbuerg empfänkt.

 

FCBB: Bossers - Petry, Weidert, Schmit, Kaufmann (C) - Thies, Lacroix, Dias, Albrecht, Gansen - Frank

Réserve: Crelo, Sequeiros, Scholtes, Dahm, Guth

Net dobäi: Dockendorf, Juncker (verletzt), Schuster

Share |