Minimes machen den Opstieg perfekt

 

Entente CSG/UMW - BERBOURG 1-3 (1-0)

 

An engem gudde Match huelen eis Jongen 3 weider Punkten um schwéier bespillbaren Terrain zu Mäertert a maachen 2 Spilldeeg viru Schluss (!) den Opstieg perfekt; dëst mam Maximum vun de Punkten.

 

Et war kee Schéinheetspräis ze gewannen op deem Spillfeld, do geet et just iwwert Asaz a Kampf. An der ganzer éischter Halbzeit hu mir eis schwéier gedoen fir d’Bäll ze kontrolléieren, trotzdem konnte mer eis eng Rei gutt Chancen erausspillen. De Goalkipp vun der Heeméquipe huet awer formidabel gehalen.

 

Eis Equipe huet missen fir d’éischt an dëser Saison am Championnat mat engem Rëckstand eens ginn nodeems d’Heeméquipe en Ofwierfehler konnt ausnotzen an d’Pauseresultat mat 1-0 feststoung.

 

Direkt no der Paus konnte mer ausgläichen no enger gudder Eenzelleeschtung vum Steven Dos Santos, deen seng Qualitéiten iwwert déi ganz zweet Halbzeit ënnerstrach huet.

 

Weider as et gaangen Richtung Goal vun der Heeméquipe, an no engem Korner vum Glenn Artois, war et de Cyrille Nickels, deen duerch e ganz schéine Kappball eis Equipe 2-1 verbruecht huet.

 

Dee ganz aktiven Nicolas Oswald, beschte Mann um Terrain, huet kuerz drop nach en Handelefmeter erausgeholl. Hien selwer huet de Stroofstouss onhaalbar zum verdéngten 3-1 Endresultat verwandelt.

 

Domat spillen eis Minimes no de Wanterpaus eng Klass méi héich, wou si sécherlech méi wäerte gefuerdert ginn. Eise Grupp hält awer enorm zesummen an dierft staark genuch sinn vir och op engem méi héigeren Niveau ze bestoen.

 

KOMPLIMENT A RESPEKT FIR D’LEESCHTUNG VUN DER GANZER EQUIPE !

 

Equipe :

 

Bob SCHRANTZ – Jérôme KRING, Cyrille NICKELS (cap.), Sam KONSBRÜCK – Leandro LOPES, Serge KINNEN- Yannick SCHROEDER, Glenn ARTOIS, Charel KREMER – Nicolas OSWALD an Steven DOS SANTOS.

 

Reserve : Nick ASSEL Sam WAINWRIGHT, Jo PITZEN an Damien STEFFES

 

Share |