Berbuerg 1 gewënnt den Derby zu Jonglënster

Eis Jongen gewannen e rassegen an spannenden Derby virun ganz villen Berbuerger Supporteren verdéngt mat 1-2 (0-1). 

Den Match ass gutt ugaangen, sou haten den Steve Lacroix an den Dennis Gansen direkt 2 gutt Geleeënheeten ze markéieren (3. an 4. Minutt). Déi Lënster hunn sech awer net verstoppt an koumen selwer zu heichkarätegen Chancen. Den Charel Weidert an den Yves Bossers vereitelen zesummen an der 5. Minutt eng gutt Geleeënheet fir den FCJJ, sou wei och den Potto an der 14.Minutt een Reckstand fir eis Faarwen verhënnert.

 

Lënster war lo besser am Spill bis an déi 25.Minutt, wou Berbuerg rëm den Tempo ugezunn huet. Et war den Manuel Kaufmann, deen gutt vum Gansen an Szen gesaat gouf, mee den Lënster Keeper paréiert grandios. Den uschléissenden Corner konnt den Weidert per Kappball och net verwerten. Dei läscht Chance an der 1.Halschent gouf dunn och verwäert: Den Christian Albrecht netzt mat engem souveränen Kappball an den laangen Eck zum 1-0 fir Berbuerg an.

 

An der 2. Halschent dat selwecht Bild: Lënster spillt mat laangen Bäll, Berbuerg op Konter mat Direktpassspill. An der 49. hat Lënster den Ausgläich knapp verpasst.

 

Dono sollt et kneppelhaart fir Berbuerg kommen: Bannen 3 Minutten hunn direkt 2 Verteideger missten verletzungsbedengt ausgewiesselt ginn. Den Charel Weidert an den Mario Dockendorf (Coup an d'Geneck a Verdacht op Mëttelfoussbroch) goufen ersat duerch den Berni Sequeiros an den Yves Dahm.

 

An der 61. vergëtt den Gansen eng super Occasioun, wou en am 16er lenks duerchgeet, den Goal awer ëm e puer Zentimeter verfeelt.

 

An der 75. konnten déi Lënster ausgläichen, wei se een schéinen Fräistouss aus 30 Meter direkt verwandelen.

 

An der 76. Minutt hält den Bossers een gudden Kappball an an der 79. Minutt een weideren Fräistouss. Genau an Drangphase vum FCJJ konnt Berbuerg den 2-1 no engem wonnerbar rausgespillten Konter markeieren. Den Gansen kritt den Ball op der lénker Aussenlinn am vollen Laaf mat, spillt queesch op den matlaafenden Lacroix, deen Keeper emdribbelt an den Ball am eidelen Goal rasetzt.

 

Den Wellen vun deenen Lënster war gebrach an sou stoung et no 95 Minutten 2-1 fir den Fc Berdenia Berbuerg.

 

Schued, dass déi Berbuerger Supporter direkt nom Match sou rausgëeekelt goufen, dat steet net fir groussen Fair-Play.

 

Lo geet et nächsten Sonnden bei den Tabellenzweeten op Stengefort. Gespillt gëtt um 16:00 Auer. Hoffentlech mat genau sou engem groussen Berbuerger Public, well dat huet richteg Spaass gemaach.

 

Schlussendlëch wënschen d'Spiller an de Comité vum FC Berdenia Berbourg dem Mario Dockendorf eng gutt Besserung an dat hien geschwënn erëm op de Been ass.

 

FCBB: Bossers - Dockendorf, Weidert, Schmit, Petry - Kaufmann, Dias, Albrecht, Lacroix, Thies - Gansen

 

Réserve: Crelo, Scholtes, Dahm, Sequeiros, Guth Net dobai: Frank, Juncker(verletzt), Schuster

Share |