Minimes verléieren an der Coupe

Fir eis Minimes Equipe as d’Aventure Coupe eriwwer, dëst no engem interessante Match virun allem an der 2. Halbzäit. Et war iwert déi 60 Minutten e ganz enke Match zwëschen 2 gléichwärtegen Equipen woubéi soll notéiert sin, dat Lëntgen/Luerentzweiler zwou Klassen méi héich spillt am Championnat wéi mir.

Mir si gutt an de Match komm an haten fréi 2 Goalchancen duerch de Steven Dos Santos woubäi him e Goal richtegerweis oferkannt gouf wéinst enger Abseitspositioun. De Géigner huet och gefälleg kombinéiert a koum zu där enger oder anerer Chance. Sou war et no engem ze kuerzen Dégagement vun eiser Verteidejung e stramme Wéitschoss deen den 0-1 bruecht huet fir de Gaascht.

 

No der Paus hu mir dee ganz faire Match an d’Hand geholl a koumen zu gudde Chancen duerch 2x de Yannick Schroeder; leider hu seng Schëss de laangen Eck knapp verfeelt. Mir hu weiderhin, mat vill méi Asaz an Aggressivitéit wéi an der 1. Halbzeit alles probéiert, de Cyrille Nickels huet an de leschten 10 Minutten seng Plaz an der Verteidegung verlooss a probéiert d’Kollegen an der Offensive ze ënnerstëtzen.

 

Heibäi konnt de Géigner eng Konterchance notzen an d’Endresultat stong fest.

 

Eng lescht Chance fir eis Bouwen gouf et no engem Korner mat engem schéine Kappball vum Jo Pitzen deen awer knapp iwwert de Goal goung.

 

Alles an allem e flotten an virun allem e ganz intensive Match an deenen zweeten 30 Minutten. 

 

Equipe :

Bob SCHRANTZ – Serge KINNEN, Cyrille NICKELS (cap), Sam KONSBRÜCK,– Leandro LOPES, Sam WAINWRIGHT- Yannick SCHROEDER, Glenn ARTOIS, Charel KREMER – Nicolas OSWALD an Steven DOS SANTOS.

 

Reserve : Nick ASSEL, Jo PITZEN, Jérôme KRING an Damien STEFFES

Share |