Berbourg 1 enttäuscht op der ganzer Linn

D'Coupeaventure fir Berbuerg ass schon riwwer. No enger erschreckend schwacher Leeschtung ass Berbourg senger Favoritenroll net gerecht gin, a verléiert  um holpregen Terrain vum Zweetdivisionär Sporting Bartreng. Eis extrem defensiv agestallten Jongen hun mat 1-0 (0-0) verluer, an hunn  hier vill Supporteren déi mat op Bartreng komm sinn, déck enttäuscht.

 

Dest ass der schlechtster Leeschtung an dëser Saison ze verdanken, et huet einfach näischt gepasst. Déi wéineg Chancen déi mer haten konnten net genotzt ginn, sou konnt Bartreng, déi gutt matgespillt hunn, eis phasenweis schéin an Bedrängnis bréngen.

 

Mat 0-0 ass et an d'Paus gaang mat engem Chanceplus fir déi Bartrenger. Och déi 2. Halschent si mer net an den Rhythmus komm an konnten näischt Brauchbares an der Offensive erspillen.

 

Eng vun den wéinegen Chance an der ganzer 2. Halschent konnten déi Bartrenger an der 82. notzen, wou se en Kappball no enger Flank fraistehend agenetzt hunn.

 

Sou zitt Sporting Bartreng wuel verdéngt an déi nächst Ronn vun der Coupe, wou dann déi deck Fësch (BGL League) mat an den Baseng gehait ginn. Mir wënschen hinnen Bonne Chance.

 

Fir eis geet et en Sonnden am Derby zu Jonglenster rem em Punkten. Gespillt get um 16:00. Kommt all mat eis Jongen ënnerstëtzen!

 

FCBB - Bossers - Scholtes, Schmit, Weidert, Petry - Kaufmann, Albrecht, Dias, Sequeiros, Lacroix - Gansen

 

Reserve: Seil, Thies, Schuster, Dahm, Dockendorf

 

Net dobai: Guth, Frank, Juncker (verletzt), Thill

Share |