D’Serie ouni Punktverloscht vun eiser Minimes Equipe geet weider

BERBOURG - ASPELT 14-2 (6-1 ) Am 1. Match vun der Rëckronn hun eis Bouwen néischt ubrenne gelooss géint de Géigner vun Uespelt, déi hu missten mat 10 Mann auskommen.

Deelweis as e ganz gefällegt Spill opgezu gin wat d’Offensiv ugeet. Déi vill Gooler waren eng Konsequenz heivun. Bei deem Resultat solle mer awer nët vergiessen dat an der Defensiv eng Reih Saachen nët esou gelaaf sinn wéi et misst sinn.

 

Et bleiwt weiderhinn heirunner ze schaffen, emsou méi ët an deene nexten 2 Matcher géint méi staark Géigner geet.

Fir eis Equipe hu markéiert : Steven DOS SANTOS an Yannick SCHROEDER 4x, Leandro LOPES 2x, Bob SCHRANTZ, Glenn ARTOIS, Charel KREMER an Nicolas OSWALD je 1x.

 

Equipe : Bob SCHRANTZ – Serge KINNEN, Sam KONSBRÜCK, Jérôme KRING – Leandro LOPES, Cyrille NICKELS (cap.)- Yannick SCHROEDER, Glenn ARTOIS, Charel KREMER – Nicolas OSWALD an Steven DOS SANTOS.

Reserve : Nick ASSEL, Jo PITZEN, Sam WAINWRIGHT an Damien STEFFES

Share |