Berbuerg mat engem 3er um Mantelsonndeg!

FC Berdenia Berbourg - FC Cessange Bracarenses Grund 2001 1:0 (0:0)

 

Den FC Berdenia Berbourg gewënnt am Stade Rénert mat 1-0 (0-0) géint FC Cessange Bracarenses Grund 2001.

CeBra hat déi 1. Chance am Match, mä si hunn an der 6. Minutt just den Potto getraff. Déi 1. Berbuerger Aktioun hat den Steve Lacroix, deen no enger gudder Kombinatioun iwwer lenks mat sengem Schoss den Goal verfeelt. Déi Berbuerger haten een liichte Chanceplus an der 1.Halschent, konnten awer hier heichkarätech Occasiounen net notzen: Sou verpassen Serge Thies (24. an 30. Minutt) wei och den Lacroix eng 1-0 Féierung ze markéieren.

 

Och an der 2. Halschent goufen et net vill Goalchancen, waat awer och dorunner loung, dass beid Equipen exzellent an der Defense stoungen. CeBra hat an der 54. an 75. Minutt gutt Offensivaktiounen, ouni awer ofzeschléissen. An der 80. verpasst CeBra hier beschten Chance wou se aus e puer Meter no enger gutt Aktioun den Goal verfeelen. Quasi am Géigenzuch gouf den Dennis Gansen beim Konterversuch haart gefoult. Den Fräistouss gouf an den 16er eragespillt, wou den Gansen den Ball mat der Foussspëtzt onhaalbar zum 1-0 verlängert.

 

CeBra huet nach eng Kéier alles probéiert, konnt awer net méi verkierzen. Keen spektakulären Match an awer 3 Punkten gesechert. Sou geet et lo mat breeder Broscht en Sonnden op Bartreng, wou mer um halwer 4 op een Weiderkommen an der Coupe de Luxembourg hoffen.

FCBB: Bossers - Petry, Schmit, Weidert, Scholtes - Thies, Albrecht, Dias, Lacroix, Kaufmann(C)- Gansen

Reserve: Seil, Dahm, Frank, Schuster, Dockendorf

Net dobai: Guth, Juncker(verletzt), Sequeiros, Thill

Share |