Berbuerg gewënnt 1 Punkt zu Weiler

Virun ganz villen Berbuerger Supporteren hunn eis Jongen an engen hëtzegen an haart gefouerten Opsteigerderby géint Yellow Boys Weiler-la-Tour 2-2 (2-1) gespillt.

Disziplinéiert huet den FC Berdenia den wichtegen Auswärtsmatch ugefaang an konnt sech ee liicht Iwwergewiicht erspillen, ouni awer geféierlech virun den Weiler Goal ze kommen. Nennenswäert Chancen gouf et op béiden Säiten keng, ausser een harmlosen Schoss vum Dennis Gansen vun der Säit (4.Minutt).

 

An der 20. Minutt kruten eis Faarwen een Fräistouss op der lénker Säit. Den Ball gouf vun Weiler ze kuerz gekläert an fält dem Daniel Dias genau virun d'Féiss, deen drëchen aus 10 Meter zum 0-1 markéiert.

Kuerz drop, an der 24. Minutt, konnten déi Weiler mat hirer 1. geféierlecher Aktioun ausgläichen: Eis Nummer 1, den Yves Bossers, ënnerschätzt ee Fräistouss vun lenks, an ee Weiler Spiller konnt um 2.Potto zum 1-1 erakäppen. An der 27. Minutt, den nächsten Opreeger: Den Daniel Dias get iwwerhaart am Mëttelfeld vun hannen gefoult, an dem Arbiter ass näischt aneschtes iwwreg bliwwen, wei den Weiler Spiller mat rout vum Stéck ze setzen.

Op Konter goufen mer awer aiskaal gestrooft: An der 29. verléieren mer onnéideg den Ball, Weiler kontert an hiren Stiermer markéiert den 2-1.

Bis an d'Paus konnten mer eis fänken, et huet een awer gutt gesinn, dass déi Weiler Féierung seng moralesch Spueren hannerlooss huet. Gutt Chancen goufen et awer keng méi, bis op eng gutt Flank vum Serge Thies op den Steve Lacroix, déi den Keeper awer am leschten Moment offänkt (42. Minutt)

No der Paus haten déi Weiler direkt eng Chance, mä hiren Waitschoss verfeelt eisen Goal. Déi Orange haten vereenzelt gutt Aktiounen, ouni awer wierklech geféierlech ze sinn (52. Lacroix, 57. Albrecht). Mee och déi Weiler hunn sech net verstoppt an haten an der 60. Minutt duerch een geféierlechen Lupfer den 3-1 um Fouss.

An der 69. Minutt goufen dei giel-schwaarz nach eng Kéier bestrooft: Den Serge Thies gëtt am Mëttelfeld liicht gefoult, den Onparteieschen huet den Weiler Spiller awer mat giel-rout an d'Vestiairen geschéckt.

Den uschléissenden Fräistouss sollt seng Friichten droen: No enger Flank Richtung Albrecht, schléisst deen per Volley onhaalbar zum 2-2 of.

Weiler, nëmmen nach zu 9, huet weider gutt gekämpft, konnt awer d'Iwwergewiicht vun den Berbuerger net méi verhënneren.

Eis gréissten Chance haten mer an der 88. Minutt, wou den Dennis Gansen sech op lenks duerchsetzt an op den Lacroix flankt, deen den Ball awer net richteg erwescht an den Goal ëm Zentimeter verfeelt!

Sou as et beim 2-2 bliwwen.

 

8. Match, 5. Gläichspill, mä een wichtegen Punkt beim gudden Tabellendrëtten geséchert. Nächsten Sonnden geet et um 16:00 am Stade Rénert geint CeBra, deenen hiren Match gëschter zu Jonglenster ofgebrach gouf.

 

FC Berdenia Berbourg: Bossers - Petry, Weidert, Schmit, Kaufmann(C) - Thies, Dias, Lacroix, Albrecht, Schuster - Gansen

Reserve: Crelo, Scholtes, Dahm, Thill

 

Net dobäi: Frank, Guth, Dockendorf(verletzt), Semowoniuk, Juncker, Schreiner

Share |