Berbuerg ouni Glanz um Wahlsonndeg een Tour weider.

Am 3. Tour vun der Coupe de Luxembourg huet den FC Berdenia am Stade Rénert an engem schwaachen Match den 2.Divisionnaire ASLetzebuerg-Porto mat 2:1 (2:1) eliminéiert.

 

Berbuerg huet spillbestemmend ugefaang, an vun der éischter Minutt un dominéiert an huet mat gudden Aktiounen Drock op den AS Letzebuerg ausgeübt.

 

An der 11. Minutt sollt et déi éischten Kéier rabbelen. Den Dennis Gansen setzt sech op lenks duerch an flankt wonnerbar an den Stroofraum wou den Serge Thies den 1-0 mat riets an mat Hellef vum Potto rasetzt. Berbuerg huet den Drock héichgehal an gouf an der 22. Minutt nach eng Kéier belount: Een Ball, deen net wäit genuch degagéiert ginn ass huet sech den Dennis Gansen erkämpft an deen lupft aus 20 Meter den Ball an den Filet. An der 30. Minutt huet eisen groussen Aktivposten eng weider Chance, mä säin Waitschoss verfeelt den Goal nëmmen knapp.

 

An der 32. Minutt awer den Réckschlag: Den AS Letzebuerg markéiert aus heiterem Himmel den 2-1, woubäi hiren Stiermer eis ganz Defense ausgespillt huet.

 

Ab deem Moment as den Match oofgeflaacht an den FC Berdenia huet guer net méi an d'Spill fonnt. Eis Jongen haten nach 2 gutt Geleeënheeten virun der Paus, déi se awer net méi notzen konnten (Serge Thies - Waitschoss an der 33. an Daniel Kaufmann - Potto an der 37. Minutt)

 

No der Paus, dat selwecht Bild. Berbuerg mat engem liichten Iwwergewiicht, erlaabt sech einfach ze vill Feeler an Onsécherheeten, fir den AS Letzebuerg an d'Knéien ze zwéngen. Dobäi verpassen mer et och nach, Grousschancen ënnerzebréngen. Sou zum Beispill eng 3fach-Chance an der 50. Minutt, wou den Manuel Kaufmann, Christophe Frank an den Serge Thies verpassen oder den agewiesselten David Schuster, deen an der 64. Minutt verfeelt.

 

An der Schlussphase hunn mer all d'Hänn voll ze dinn, den knappen Virsprong ze halen. AS Letzebuerg ass ëmmer méi staark ginn an huet vun eisen Onsécherheeten ëmmer méi kennen profitéieren. Sou treffen se just den Potto an der 73. Minutt oder verpassen den Goal nëmmen knapp an der 81. Minutt, eng Kéier duerch een Kappball an eng Keier duerch een geféierlechen Waitschoss.

 

An der 86. Minutt hat den David Schuster d'Geleeënheet, den Sak zou ze maachen, mä en huet dës Chance leider verpasst, sou dass mer hunn missten zidderen bis den Arbiter ofgepaff huet.

 

Eng Ronn weider, dat ass alles wat zielt. Och wann déi Art an Weis, wei mer weiderkomm sinn, net onbedéngt iwwerzeegend war.

 

Vläicht gëtt eis dës Victoire awer genuch Reckenwand fir den nächsten schwéieren Auswärtsmatch géint d'Yellow Boys vun Weiler.

 

Gespillt gëtt do um 16:00 Auer. Kommt all mat, an ënnerstëtzt eis Jongen.

 

A fir all déi nët konnten wéinsten de Wahlen, um Match derbäi sin, fannt Dir hei och eng klenge Video iwwer de Match géint den AS Letzebuerg Porto.

 

FC Berdenia Berbourg: Semowoniuk - Weidert, Dias, Schmit, Petry - Kaufmann, Albrecht, Lacroix, Thies - Gansen, Frank

 

Reserve: Bossers, Schreiner, Schuster, Sequeiros

 

Net dobäi: Guth, Dockendorf (verletzt), Juncker, Dahm, Scholtes

Share |