Minimes bléiwen ongeschloën

BERBOURG - Entente CSG/UMW 6-0 (2-0 )

 

Eis Minimes Equipe behält de Maximum vun de Punkten nom Ofschloss vun der Hironn, nodeems d’Equipe vu Mondorf sech zeréckgezunn huet an domat de leschte Match deen de nächste Weekend sollt stattfannen, Forfait gewonne gëtt.

 

Am Match géint d’Noperen vu Gréiwemaacher a Mäertert ass eis Team séier 2-0 virkomm, duerch e Wäitschoss vum Leandro LOPES an duerch e schéine Kapball an de Wénkel vum Steven DOS SANTOS no engem Korner vum Glenn ARTOIS.

 

Duerno sinn zwee Gäng zeréckgeschalt ginn, déi néideg Konzentratioun huet gefehlt, an d’Uweisungen vun den Traineren fir iwwert d’Säiten ze spillen goufen net respektéiert.

 

No der Paus huet d‘Equipe sech liicht gefaangen ouni awer dee gewinnt gudde Fussball ze spillen. Weider Goaler duerch de Leandro LOPES, de Yannick SCHROEDER an duerch de Steven DOS SANTOS sinn gefall well de Géigner eis et einfach gemaach huet. De schéinste Goal vum Dag ass gefall nodeems de Serge KINNEN vun der Ausselin aus vollem Laf geflankt huet an de Charel KREMER mam Kap eragesat huet.

 

No der Hironn stinn eis Minimes deemno mam Maximum vun de Punkten a mat enger ganz gudder Goaldifferenz un der Spëtzt vun der Tabell a sinn um gudde Wee eng Klass méi héich ze spillen no der Wanterpaus.

 

Equipe :

 

Bob SCHRANTZ – Sam WAINWRIGHT, Cyrille NICKELS (cap.), Sam KONSBRÜCK – Leandro LOPES, Serge KINNEN- Yannick SCHROEDER, Glenn ARTOIS, Charel KREMER – Nicolas OSWALD,  Steven DOS SANTOS.

 

Reserve : Nick ASSEL, Jérôme KRING, Damien STEFFES

Share |