Éischt Neierlaag fir den FC Berdenia Berbourg

Bei wonnerbarem Wieder verléieren eis Jongen hiren éischten Match an dëser Saison mat 0-4 (0-1). Eng spillschwach Berbuerger Equipe huet senge ville Supporter keen schéinen Pappendag bereet.

 

Déi Escher hunn vun der 1.Minutt un dominéiert an gewisen, wei een aggressiv presst an efficace no fir spillt. Sou koumen se am 5-Minutten-Rhythmus zu heichkarätegen Goalchancen, déi den Yves Bossers an Topform wosst ze entschäerfen. Eis Jongen stoungen 90 Minutten hannendran, hunn den Escher d'Mëttelfeld kampflos iwwerlooss an Aktiounen no fir gouf et keng eenzeg.

 

Den 0-1 fir déi Blo ass an der 21- Minutt gefall, nodeems den Stiermer vun der US Esch ongedeckt no enger Flank den Ball ragekäppt huet. Bis an d'Paus haten déi Escher nach e puer Geleeënheeten, konnten se awer net notzen. Nom Téi, dat selwecht Bild. Esch huet dominéiert an koum mat einfachem an schnellem Passspill geféierlech virun eisen Goal. Ab der 71. Minutt war déi Berbuerger Geigenwier gebrach, nodeems d'US den 0-2 markéiert. Weider Goaler falen an der 83. an 87. Minutt.

 

Erschreckend schwaach war dës Prestatioun, an huet eigentlech näischt mat deenen gudden éischten Matcher an dëser Saison gemeinsam. Ouni den, méi wei aussergewéinlech staarken Yves Bossers am Goal, hätt d'Resultat wahrscheinlech nach vill méi schlëmm ausgesinn. Lo gelt et, deen Match hei ze analyséieren an probéieren sou schnell wei méiglech aus den Feeler ze leieren.

 

Vläicht kennt jo lo den Match an der Coupe de Luxembourg géint den AS Letzebuerg-Porto, den Sonnden am Stade Rénert um 15:00 Auer, genau richteg.

 

FC Berdenia: Bossers - Weidert(C), Schmit, Albrecht, Petry - Schuster, Dias, Lacroix, Thies - Sequeiros, Frank

  

Reserve: Semowoniuk, Scholtes, Dahm, Schreiner, Thill

 

Nët dobäi: Guth, Dockendorf(verletzt), Kaufmann(Vakanz), Gansen(gespaart), Juncker

Share |