Minimes gewannen och hieren 3. Match

KANECH-BERBOURG 2-4 (0-2 )

 

An engem interessanten Match konnten eis Minimes weider 3 Punkten sammelen an hunn domat hiren 3 Match hannereneen gewonnen.

 

Bei summerlechen Temperaturen huet d’Heeméquipe am Ufank vum Match méi Ballbesetz gehat, mä et war no 15 Minutten wou de Nicolas Oswald sech konnt op riets duerchsetzen an zum 0-1 fir eis Faarwen erasetzen. No enger flotter Kombinatioun huet de Glenn de Leandro Lopes an Déift geschéckt an dee lescht genannten konnt zum 0-2 verwäerten. Kanech war iwwer déi ganz 1 Halbzeit och geféierlech mä si konnten hir Goalchancen net notzen.

Just virum Pausepëff huet de Nicolas Oswald et verpasst per Eelefmeter op 0-3 ze setzen; hei war et de Keeper vu Kanech dee gutt paréiert huet. Et goung also mat engem 2 Goalervirsprong an d’Paus.

 

An den zweeten 30 Minutten blouf de Match equilibréiert awer eis Jongen hunn hir Goalchancen besser genotzt; sou war et de Charel Kremer deen op eng schéi Flank hin konnt fir d’Virentscheedung suergen an op 0-3 setzen. Kanech koum zeréck an de Match nodeems eis Verteidegung de Ball net konnt degagéieren. (1-3). Dëst war awer net vu laanger Dauer, nodeems de Nicolas Oswald sech konnt eng wieder Kéier op riets duerchsetzen an dem Nick Assel de Ball mustergülteg virgeluecht huet an dësen op 1-4 konnt erhéijen.

 

Kuerz drop konnt de Bob duerch e geniale Reflex den 3 Golervirsprong garantéieren, des weideren huet de Cyrille duerch vill Asaz e Ball op der Linn gerett. 2 Minutten viru Schluss koum Kanech awer zum verdéngten 2. Goal, dobäi sollt et awer bleiwen.

 

Insgesamt eng ganz gutt Leeschtung vun eiser Equipe woubäi nieft eisem Kapitän Cyrille Nickels, de Leandro Lopes an de Sam Wainwright ervirzehiewe sinn; ganz geféierlech war zu all Moment vum Match och den Nicolas Oswald.

 

Equipe :

Bob SCHRANTZ – Sam WAINWRIGHT, Cyrille NICKELS (cap.), Sam KONSBRÜCK – Leandro LOPES, Serge KINNEN- Yannick SCHROEDER, Glenn ARTOIS, Charel KREMER – Nicolas OSWALD an Steven DOS SANTOS.

 

Reserve : Nick ASSEL, Jo PITZEN an Damien STEFFES

Share |