Berbuerg spillt rëm gläich: 2-2 (1-2) bei Flaxweiler/Beyren

Virun villem Berbuerger Supporteren hunn eis Jongen sech een haart emkämpfte Punkt geséchert. Den Terrain zu Éinen war iwwerraschend déif an schwéier bespillbar, wat sech bei béiden Equipen an der Ufanksphase bemierkbar gemaach huet.

Den besseren Start hat, wei schon gewinnt an dëser Saison, eisen Géigner, deen sech äusserst robust an physesch staark präsentéiert huet. An der 6. Minutt huet den rëm genesenen Yves Bossers am Goal nach een gudden Fräistouss vun Fluesweiler entschäerft, konnt den 1-0 an der 9.Minutt fir d'"Heemequipe" net verhenneren, dei aus 18 Meter onhaalbar ofgezunn huet. Duerno hat Fluessweiler den 2-0 um Fouss, mä Keeper an Verteidegung kruten den Ball nach sou just gekläert. An der 26. Minutt hat den FC Berdenia déi richteg Äntwert parat: Den Dennis Gansen zierkelt een Fräistouss vun riets an den Goal an markéiert den 1-1! 

Dono ass et besser fir eis gelaf an mir koumen geféierlech no fir. An der 29. Minutt haten mer awer nach eng Kéier Chance, wei den Serge Thies een Kappball vun Fluesweiler op der Linn kläert. An der 32. war rëm de Serge Thies am Bleckpunkt, deen den Goal mat enger Direktopnahm aus 16 Meter gesicht huet. 1 Minutt drop sollt et besser fir eis klappen: Den Dennis Gansen flankt vu lenks punktgenau op den Christophe Frank, deen den Ball duerch 2 Mann am Filet zum 2-1 ënnerbréngt. An der 39. verpassen mer mat engem knappen Kappball d'Chance, op 3-1 ze erheigen.  

No der Paus, haten déi Fluesweiler direkt an der 48. Minutt d'Geleeënheet den Ausgläich ze markéieren, verfeelen awer den Goal. An der 53. Minutt gouf et dunn eng relativ ruppeg Aktioun, wou de Manuel Kaufmann, deen op Lenks duerchgaangen ass, mat 2 gestreckten Féiss vun hannen am vollen Laf vun den Been geholl ginn ass, wat onverständlecherweis nëmmen déi giel Kaart fir säin Geigenspiller als Konsequenz hat. Ab der 60. Minutt koumen déi Fluesweiler zu gudden Chancen, ouni awer den Goal ze treffen. Duerno haten mer vill Pech: Den Serge Thies klaut engem Fluesweiler Verteideger den Ball vum Fouss, zitt an den 16er eran, mä säin Ofschloss lant nëmmen um Potto.  

3 Minutten drop konnten déi Fluesweiler ausgläichen, wei se aus 18 Meter fräi zum Schoss koumen. Eis läscht Chance hat den Steve Lacroix an der 80., wei hien een Volleyschoss no engem Corner riicht op den Keeper schéisst. An der 83. Minutt rett eis den agewiesselten Albrecht, andeems en een Schoss mam Kapp an den Goalaus deviéiert. Een Kappball nom uschléissenden Corner sollt den Goal och nëmmen knapp verfeelen. An der 90. Minutt ass den Match kuerz ënnerbrach gin, wei een Fluesweiler Spiller an eisen Keeper zesummengeprallt sinn. 

Déi 96.(!) Minutt huet den Arbiter dem Dennis Gansen déi giel-rout Kaart gewisen, wei hien mam Ball weidergelaf ass, nodeems wéinst Abseits ofgepaff war. An der 97. Minutt war et dunn endlech riwwer.  

 

Domadder hunn mer an engem turbulenten Match um Enn nach een Punkt gerett.

 

Nächsten Weekend geet et géint déi punktgläich Union Sportive aus Esch. Gespillt gëtt um 16h00 am Stade Rénert.

 

Fc Berdenia Berbourg: Bosser - Petry, Schmit, Weidert, Kaufmann - Guth (C), Dias, Lacroix, Thies - Gansen, Frank

 

Réserve: Semowoniuk, Albrecht, Schreiner, Schuster, Sequeiros

 

Net dobäi: Dockendorf (verletzt), Juncker, Dahm, Thill, Scholtes

Share |