FC Berdenia bleiwt ongeschloen...0-0 geint den FC Munsbach

Dei eischt hallef Stonn huet et awer am Stade Rénert net no engem 0-0 ausgesin. Den FC Munsbach huet mat 100 à l'heure ugefaang an huet eis Jongen frei an aggressiv gesteiert. Sou koum Berbuerg guer net an den Match, waat och duerch vill Feelpäss an engem schwaachen Spillopbau loung.

Mënsbech koum vereenzelt zu klengeren Goalchancen, dei entweder knapp derlaanscht gaangen sin, oder vum Semowoniuk Jean-Claude vereitelt gin sin (13., 15., 16. an 20.Min). Dat 1. Liewenszeechen vum Fc Berdenia gouf et an der 21.Minutt, wou den Christophe Frank derlaanscht käppt. Een harmlosen Fraistouss vum Manuel Kaufmann an der 29. Minutt war och dei läscht Offensivaktioun an der 1.Halbzeit.

Chancen haaten och dei Mensbecher och keng mei, den Match as oofgeflaacht.

No der Paus, koumen eis Jongen besser an den Match. Mensbech huet dem heigen Tempo aus den eischten 45. Minutten Tribut zollen mussen an kont den Rescht vum Match nemmen nach nokucken wei den FC Berdenia bemeit war den 1-0 ze markeieren. An der 59.Minutt verpasst den Christophe Frank den Goal aus 10 Meter no enger scheiner Virlaag vum Pol Petry. En gudden Waitschoss vum Bernert Sequeiros fennt sain Wee net an d'Ziel (72.Minutt), wei och een Schoss vum Daniel Dias no engem Corner an der 74.Minutt. Den agewiesselten Christian Albrecht haat et an der 84. och vun Waitem probeiert, leider och ouni Erfolleg. Dei greissten Chance haaten mer an der 87. Minutt, wou den Yannick Schreiner no gudder Virlaag aus 6 Meter vergett.  

Sou as et beim 0-0 bliwen, waat am Endeffekt och gerecht as, wann een dei 2 verschidden Halbzeiten betruecht.

FC Berdenia: Semowoniuk - Petry, Schmit, Weidert, Kaufmann - Guth(C), Dias, Sequeiros, Thies - Gansen, Frank  

Reserve: Bossers, Albrecht, Schreiner, Schuster  

Net dobäi: Lacroix, Dockendorf (verletzt), Juncker, Dahm, Thill, Osmanovic, Scholtes

Share |