Den FC Berdenia entféiert 3 Punkten vu Schëffleng

Viru ville matgereesten Berbuerger Supporteren gewannen eis Jongen an engem deels ruppegen Match um Enn mat Chance 2-3 (0-1).

 

Déi éischt geféierlech Aktioun huet och schon direkt den 1-0 fir eis Faarwen bedeit. An der 7. Minutt gëtt den Dennis Gansen eng Flank an den 16er eran. Am Gewulls ëm de Christophe Frank ass de Ball vun engem Schëfflenger an den eegenen Filet versenkt ginn.

Dono waren et awer déi Schëfflenger, déi ëmmer rëm duerch geféierlech Virsteiss eis Defense virun Problemer gestallt hunn.Sou koumen se an der 16. an 17. Minutt zu geféierlechen Goalchancen, allen béid verfeelen eisen Goal nëmmen knapp. An der 24. Minutt war et den Serge Thies, deen no engem spektakulären Fallrückzieher daat Schefflenger Geheis nemmen knapp verfeelt.

 

Den Match ass ëmmer méi oofgeflaacht, an gouf permanent duerch Klengegkeeten ënnerbrach, sou dass keen Spillfloss opkoum. Nennenswert Goalchancen goufen et keng méi, bis op een gudden Kappball vum Christophe Frank an der 39. Minutt.

Een groussen Opreeger gouf et an der 42. Minutt: Ee Schëfflenger Stiermer zitt bei engem 1 géint 1 géint den Yves Bossers onneidegerweis NET zreck an erwescht eise Keeper bei vollem Laf um Kapp. Den Yves ass laang leien bliwwen, huet awer nach nach bis zur Halbzeit weidergemaach. Do huet en awer missten mat der Ambulanz an d'Escher Spidol gefouert gin. Fir hien gouf den Jean-Claude Semowoniuk no der Paus agewiesselt.

 

Dei 2.Halschent war och rëm duerch vill Spillennerbriechungen geprägt. An der 52.Minutt war et den Christophe Frank, deen bei sengem Kappball nach an leschter Sekonn gesteiert gouf, sou wei den Serge Guth, deen an der 54. Minutt knapp verzunn huet.

2 Minutten méi spéit, haten däi Schëfflenger de Ball schon quasi an eisem Goal ënnerbruecht, mä iergendwéi konnten eis Verteideger sou wei den Semowoniuk den Ball vun der Linn kraatzen.  Ee weideren Opreeger gouf et an der 60. Minutt, wou den Serge Thies vum Schëfflenger Keeper ausserhalb vum 16er onfair zu Fall bruecht ginn ass. Den Arbiter huet en mat giel verwarnt, obwuel et eng kloer Noutbrems war.

 

An der 63. Minutt koumen déi Schëfflenger dunn zum 1-1, wei se een Mëssverständnes an der Berbuerger Defense äiskal ausnotzen.

Berbuerg, geschockt, koum net méi sou richteg no fir an huet oft den Ball am Opbau verluer. Schëffleng koum ëmmer méi geféierlech no fir an konnt och den entretemps verdéngten 2-1 per Kappball no engem Corner markéieren. Nennenswäert Chancen konnt keen sech méi erspillen, den Match gouf duerch vill Feeler an onnéideg giel Kaarten dauernd ënnerbrach.

An der 82. Minutt gouf den Ball no enger Standardsituatioun ze kuerz vu Schëffleng op den 16er geklärt. Den Serge Guth huet sech net bieden gelooss an mat engem fulminanten Volleyschoss den glécklechen 2-2 markéiert.  Et sollt awer nach besser fir eis Faarwen kommen: An der 90.Minutt markéiert den Steve Lacroix aus dem Gewulls eraus den 3-2 géint déi mëttlerweil geschockten Schëfflenger, déi näischt méi um Resultat änneren konnten.

 

Mat vill Selbstvertrauen, geet et fir eisen ongeschloenen FC Berdenia lo an eng "englesch Woch", wou mer den Mëttwochowend den FC Mensbech empfänken (19h30), ier et den Sonnden 16h00 auswärts géint den FC Fluessweiler/Beyren geet.

 

Op dësem Wee wënschen mer dem Yves Bossers eng gutt Besserung, deen gëschter Owend nach aus dem Spidol entlooss ginn ass, an sech lo mat enger liichter Gehirnerschütterung versuergen muss

 

FC Berdenia Berbourg: Bossers - Petry, Dias, Weidert, Kaufmann - Guth, Sequeiros, Lacroix, Thies - Gansen, Frank

Réserve: Semowoniuk, Schmit, Schreiner, Thill, Dahm

Nët dobäi: Albrecht (Opbautraining), Schuster, Juncker (krank), Dockendorf (verletzt), Osmanovic

Share |