Minimes gewannen héich géint Entente Jonglënster/Biwer 10:1

BERBOURG - ENTENTE JONGLENSTER/BIWER 10-1 (6-1)

 

Eis Minimes Equipe huet mat engem kloeren Erfolleg d’Saison 2011-2012 ugefaangen. Et war e Match wou de Géigner iwwert déi 60 Minutten keng Chance hat op déi 3 Punkten.

 

D’Heeméquipe huet de Match vun Ufank un diktéiert, an d’Goaler sinn praktesch am 5 Minutten-Takt gefall, deelweis ganz propper iwwert d’Säiten ausgespillt esou dat de Match praktesch schon no 15 Minutten gelaf war. Trotz ville Wiesselen ass et praktesch nëmmen Richtung Goal vum Visiteur gaangen.

 

Mir sollen den Erfolleg net iwwerbewäerten a mat där néideger Konzentratioun un dee nächsten Match e Samsdeg zu Uespelt ugoen.

 

Fir eis Equipe hu markéiert :

Cyrille NICKELS 4x, Nicolas OSWALD 3x, Steven DOS SANTOS 2x an Glenn ARTOIS 1x.

  

Equipe : BOB SCHRANTZ – SAM KONSBRÜCK, THIEBAUD LOHISSE, JEROME KRING – LEANDRO LOPES, SERGE KINNEN – YANNICK SCHROEDER, GLENN ARTOIS, CYRILLE NICKELS – STEVEN DOS SANTOS, NICOLAS OSWALD.

 

Reserve : CHAREL KREMER, DAMIEN STEFFES, SAM WAINWRIGHT.

 

Gefehlt hun : NICK ASSEL, JO PITZEN

Share |