Numm gesicht fir eise Bär

Opgetaucht ass eise Bär  déi éischten Kéier kuerz virum Kings Of Penalty 2009, wou en aus enger "Schnapsiddie" als Deko organiséiert gouf.
Den Leit huet en sou gutt gefall, dass en vun do un eng Eirenplaatz op eiser Tribün am Stade Rénert fonnt huet. Do stoung en 2 Joer, liicht ramponéiert an ganz plakeg. Hien hat och schons e puer Schréibsen an Téitschen, an ët gouw Zäit fir en an d'Réih ze setzen. Am Summer hu  sech eis 3  Spiller aus der 1. Equipe  Manuel Kaufmann , Charel Weidert an den Tom Schmit vill Zäit geholl hunn fir eisen Bär ze restauréieren. Mat vill Léift zum Detail restauréiert, steet en lo an senger neier "Tenue" bei eis op der Tribün.  Eisen 3 Jongen als éischt emol een risegen Merci fir déi super Aktioun mä awer och dem Fred Weidert vun Uesweiler, deen eis den Bär zur Verfügung gestallt huet.
 
Well eise Bär awer nach kee Numm huet, wëlle mir e klenge Concours organiséieren an iech opruffen e Virschlag ze maachen fir dem Bär e Numm ze ginn. Schreift äre Virschlag hei ënner Kommentare, de beschte Virschlag gëtt mat 1 Meter Béier (oder fir Kanner a Jugendlecher mat 1 Meter Cola) belount.,
 
De Bär gehéiert zu eisem Supporterclan Dir fannt en iwwregens och nach op enger anerer Platz op dëser Säit, a wann Dir en uklickt, dann héiert Dir och säi Lidd.
 
 
 
 
 

Kommentar schreiben

Kommentare: 21
  • #1

    Claude W (Freitag, 16 September 2011 06:29)

    Kloren Fall,

    Bärdenia oder Bärni :))

  • #2

    Bob K. (Freitag, 16 September 2011 06:43)

    Bär-Ni fannen ech TOP ! Eng kleng Hommage un eisen klengen peruaneschen Geftzwerg ;)

  • #3

    Glenn (Freitag, 16 September 2011 11:34)

    Bärdinho

  • #4

    Benny (Freitag, 16 September 2011 12:40)

    Bob net schlecht waer och dofir haha

  • #5

    Torfabrik (Freitag, 16 September 2011 17:09)

    Wei wier et mat 'den Nikki vum Dengscht' ?

  • #6

    Kleenen (Samstag, 17 September 2011 07:45)

    Ech sin fir e gudden aalen letzebuerger numm..."HENG"...;-)

  • #7

    Hoschi (Sonntag, 18 September 2011 04:02)

    "Bier-enger" oder "Teddy den Bäer" ;-)

  • #8

    Bob K. (Sonntag, 18 September 2011 04:56)

    ...de LamBär :)

  • #9

    Steven .d (Sonntag, 18 September 2011 11:37)

    kickerbär

  • #10

    fränz (Montag, 19 September 2011 01:19)

    nennt en einfach freddy, well de fred vun uesweiler en gestefft huet. an dësem senn

  • #11

    marc (Montag, 19 September 2011 02:37)

    freddy fannen ech och gudd

  • #12

    Cyrille (Montag, 19 September 2011 05:30)

    ech fannen bruno o nach gudd

  • #13

    Max R. (Montag, 19 September 2011 06:06)

    Ech geing Max en zimmlech flotten Numm fannen! 3,2,1, meins, domat as de Meter gewonnen!

  • #14

    Max R. (Montag, 19 September 2011 06:07)

    Lo e serieuxen Viirschlaag: NICKI (get emmerhin zu Berbuerg oft gebraucht als "Du Nicki"!)

  • #15

    steven.d (Freitag, 23 September 2011 11:34)

    den fred oder den stefan

  • #16

    Kub (Sonntag, 25 September 2011 14:30)

    Sankt Bärli...;-)
    St. Bärli!2011

  • #17

    Bärli (Mittwoch, 28 September 2011 03:04)

    Bär-Bu-Bär

  • #18

    den Presi (Donnerstag, 29 September 2011 02:20)

    dem Glenn oder Wampach C hier Virschlei kommen secher an die eng Auswahl, ech wir an dem Fall, né wées net kann mech net entschéeden,fannnen béid Virschlei guud

  • #19

    Sam.W (Samstag, 01 Oktober 2011 06:19)

    Berdi

  • #20

    fränz (Mittwoch, 05 Oktober 2011 06:24)

    1 kräiz fir de "Freddy", e sonndeg wielt der jo sowisou anescht

  • #21

    Jo (Donnerstag, 06 Oktober 2011 06:15)

    Bärnaldo

Share |