Beim FC Berdenia platzt den Knuet ... a wéi !

Bei vill Reen an op engem ganz déiwen Terrain hunn eis Berbuerger Jongen virun ca. 200 Leit den éischten Dräier géint d'Etoile Sportive Clemency agefuer.

 

 

De Match war knapps ugepaff, do huet et och schon gerabbelt. Den Serge Guth käppt no enger Flank den Ball Richtung 5-Meter-Raum, dee gëtt vun engem Kënzeger Spiller onglécklech oofgefälscht, a suecht fréi fir den 1-0 fir eis Faarwen.

 

An der 16. Minutt waren et déi Kënzeger déi 2 Riesengeleeënheeten haaten, mee den Yves Bossers an den Charel Weidert retten in extremis. Am Géigenzuch konnten déi Berbuerger eng Chance nët notzen, déi vun de Kënzeger an den Corner gekläert ginn ass. Den éischten Eckstouss sollt näischt abréngen, mä beim 2. war et de Christophe Frank, deen per Kappball souverän zum 2-0 annetzt.

Et ass weider gaang mat e puer gudden Aktiounen op béide Säiten, ouni dass eppes Konkretes dobäi erauskomm ass.

An der 30. Minutt awer setzt sech den Thies Serge technesch staark op der lénker Säit duerch, spillt den Ball op den Berni Sequeiros, deen léisst den Ball an den 16er klatschen an den Dennis Gansen léisst sech net bieden an vollstreckt zum 3-0. Nom Goal hunn eis Jongen den Tempo e bëssen reduzéiert, an sou koumen déi Kënzeger nach zu 2 gudden Chancen an der 32. an an der 40. wou se zweemol een Kappball no engem Corner knapp derlaanscht gesat hunn.

 

No der Paus hun dei Kënzeger alles op eng Kaart gesat an mat Pressing an Aggressivitéit probéiert nach eppes am Stade Rénert ze dréien. Zum Ofschloss koumen se allerdéngs nët, ausser zu engem harmlosen Wäitschoss an der 50. Minutt. Dëst war den Verdéngscht vun eiser Verteidigung, déi den ganzen Match souverän an oofgeklärt agéiert huet.

 

An der 54. Minutt gouf een Kënzeger Spiller no engem Foul um Serge Thies mat giel-rout fréizäiteg duschen geschéckt. De Fräistouss gouf dunn och vun eisen Jongen verwäert. Den Ball gouf an den 16er eragespillt, an den Serge Thies verlängert per Kapp zum 4-0 an de Goal. Den 5-0 as an der 61. Minutt gefall. Den Christophe Frank geet eleng op den Keeper an schéisst no engem Pressschlaag mam Keeper den Ball an den eidelen Goal. Déi Kënzeger Moral war um Buedem an si hunn net méi vill dogéint gehal. Sou fält den 6-0 an der 70.Minutt, rëm duerch den Christophe Frank per Eelefmeter (Foul un Dennis Gansen)

Fir den 7-0 Endstand huet den agewiesselten David Schuster gesuecht, deen op der lénker Säit seng Schnellegkeet asetzt, an den Stroofraum zitt an wonnerbar den Ball an d'Kraitz schéisst.

 

Fir dës Leeschtung kann een den Jongen nëmmen felicitéieren. Endlech sinn se fir hiert super Engagement an deene leschten Wochen belount ginn. Weider sou, bleift um Ball !

 

Den nächsten Match as de Sonnden um 16:00 Auer zu Schëffleng. Kommt all mat, an ënnerstëtzt eis Jongen !

 

Och nach e groussen Merci un déi Léit op d'Virhierschtfest vum FC Berdenia Berbourg komm sinn. Mir haaten de ganzen Dag vill Léit op eisem flotte Fest am Beaurepaire.

 

FC Berdenia Berbourg: Bossers - Petry, Dias, Weidert, Kaufmann - Guth(C), Sequeiros, Lacroix, Thies - Gansen, Frank

Bänk: Crelo, Juncker, Schuster, Osmanovic, Scholtes.

Gefeelt: Dockendorf, Schmit, Albrecht, Weniger (all verletzt), Schreiner, Thill

Share |