FC Berdenia Berbourg erkämpft sech ee Punkt bäim Avenir Beggen

Eis Jongen hun sech beim Traditiounsverain virun ca. 250 Zuschauer an virun den Aen vum FLF-President Paul Philippe an engem oofwiesslungsräichen Match gudd aus der Affaire gezunn. De bessere Start haaten awer d'Wiichtelcher, dei während der eischter halwer Stonn den Match kontrolleiert hun. Chancen goufen et awer op beiden Saiten

Den besseren Start haaten awer d'Wiichtelcher, dei während der eischter halwer Stonn den Match kontrolleiert hun. Chancen goufen et awer op beiden Saiten. An der 2. Minutt haaten dei Beggener direkt eng gudd Kappballchance no engem Fraistouss. Dei eischt gudd Berbuerger Chance haat den Dias Daniel an der 9.Minut, deen den Keeper vun ronn 22m mat engem Waitschoss gestest huet. Kuerz drop huet sech den emsegen Serge Thies op der lenker Sait duerchgesaait an konnt op den Dennis Gansen flanken, deem sain Kappball den Beggener Goal knapp verfeelt. Dono waren dei Beggener rem mei gefeierlech an konnten haaptsächlech duerch Standartsituatiounen gefeierlech virun eisem Goal optauchen, mee den Yves Bossers war emmer op der Heicht.
An der 29. Minutt konnt en den 1-0 fir d'Haushären awer net verhenneren, dei no engem schnell gespilltenen Konter an Feierung gaangen sin. Eis Equipe huet sech awer zimmlech onbeandrockt gewisen an weider no fir gespillt. Sou koumen mer dunn och an der 35. Spillminutt zum verdengten Ausglaich duerch een Kappball vum Christophe Frank. Am Geigenzuch waren et nach eng Keier dei Beggener dei gefeierlech gin sin, mee den Yves huet eis am Match gehaal.
 
An der 2.Halschent haat den Fc Berdenia een liicht Iwwergewiicht, den Match as awer weider hin an hier gaang, wann en och e bessen un Tempo verluer huet. Eis Faarwen haaten e puer mol d'Feierung um Fouss ( Gansen, 51.- Frank, 57.- Gansen, 65.+74.- Juncker, 83.- Frank, 88.).D'Wiichtelcher haaten och nach dei eng oder aaner Geleenheet, dei beschten an der 86. Minutt, dei den Yves mat enger Glanzparad entschärft huet.
Sou as et am Endeffekt beim 1-1 bliwen, een Punkt deen mer duerch dei wonnerbar kämpferesch an leeferesch Leeschtung mei wei verdengt hun.
 
Nächsten Weekend empfänken mer dann Keinzeg am Stade Rénert. Gespillt get den Match um 15:30 Auer.
Am Kader vun eisem "Vir-Hierschtfest" am Centre Beaurepaire bleiwt eis Caissenhaischen zou, an all d'Leit kennen den Match fir naischt kucken kommen.
 
Fc Berdenia Berbourg: Bossers - Petry, Schmit, Weidert, Kaufmann - Guth, Dias, Lacroix, Thies - Gansen, Frank
Bänk: Semowoniuk, Sequeiros, Osmanovic, Schuster, Juncker
Gefeelt: Albrecht, Dockendorf(verletzt), Scholtes, Schreiner, Dahm
Share |