1. Equipe gewënnt Frëndschaftstournoi an Däitschland

Beim éischten Optrëtt vun der Saison 2011-2012 huet d'1.Equipe bei engem Tournoi, organiséiert vun der SG Züsch/Neuhütten/Damflos (bei Hermeskeil) déi 1. Plaatz beluecht. Invitéiert waren niewent der SG Züsch och d'SG Thalfang an den FC Berdenia Berbourg
Den éischten Match verléieren d'Haushären géint d'SG Thalfang mat 2-3. Am zweeten Match setzen sech eis Jongen souverän mat 2-0 géint d'SG Züsch duerch. An der Finale kann sech den FC Berdenia dann no engem 3-3 am Eelefmeterschéissen duerchsetzen, wou eisen Goalkeeper, den Jean-Claude Semowoniuk 3 Eelefmeter hält!
 
Op dësem Wee, wëllen mer och den Organisateuren villmools Merci fir d'Invitatioun soen, an mir géingen eis freeën, nach eng Kéier kennen dobäi ze sinn.
 
FC Berdenia Berbourg: Semowoniuk - Kaufmann, Dockendorf, Schmit, Weidert - Osmanovic, Lacroix, Juncker, Gansen - Sequeiros, Frank
Bänk: Scholtes, Kohnen, Dahm, Thill
Share |