Transferten: Esou geet ët an an déi nei Saison

Photo aus "Le Quotidien"
Photo aus "Le Quotidien"

Den FC Berdenia Berbuerg huet seng Planungen fir d'Saison 2011-2012 ofgeschloss. Eis Equipe gëtt weiderhin vum Trainer René Roller betreit. Hien probéiert domat an senger 3. Saison déi positiv Resultater aus deenen leschten Joren ze bestätegen.

Den Groupe bleift och komplett zesummen. Keen Spiller verléisst den Veräin, mat der Ausnahm vum Yann Mannon, deen studienbedengt wahrscheinlech an d'Ausland wiesselt. D'Lizenzen vum André Dohm an Juan Miguel Hurtado  trieden mer un den FC Vinesca Ehnen oof.

 

Mam Mario Dockendorf an Dejvid Halimovic (Victoria Rosport), déi alle béid bis elo op temporärer Basis bei eis gespillt hunn gouf een Accord fir déi nächst Saison fonnt: Den Mario wiesselt fest op Berbuerg an den Dejvid verlängert ëm 1 Joer.

 

A punkto Neizougäng kann de Veräin fir déi nächst Saison op den Daniel Dias, e polyvalent asetzbaren Mettelfeld- an Defensivspiller zielen. Hien huet a senger Carrière scho joerelaang Erfahrung an der éischter Divisioun an Éirepromotioun mat Iechternach an Mertert-Wasserbëlleg gesammelt.

 

Och kënnt de Pol Petry vun der Union Mertert-Wasserbëlleg zeréck bei eis spillen. Hien ass e freire Jugendspiller vun Berbourg an kann op béiden Aussenbunnen agesat ginn.

 

Den Tom Metzler verstäerkt de Kader am Mëttelfeld.

 

Als 4. Neizougang wiesselt den Dennis Gansen vun der SG Baustert aus der Bezirksliga bei eis. Hien ass an der Offensiv variabel asetzbar.

 

Desweideren kommen mam Younes Bouchnafa, Yves Dahm, Jacques Janssen, Christian  Lahr an dëm Jérôme Oswald aus eiser eegener Jugend 5 jonk Spiller an eise Kader déi an der neier Saison hir éischt Schrëtt am Seniorsberaich wäerten maachen.

 

Mir heeschen déi nei Spiller häerzlech Wëllkomm an wënschen eisem ganzen Kader vill Gléck an Erfolleg fir déi nächst Saison.

Share |