Berbourg klappt den CSG Grevenmacher mat 15:0 (10:0) ! ... bäi de Poussins

D'Equipe huet dës Saison mat engem gudden Match, géint awer e relativ schwaachen Géigner ofgeschloss. D'Goaler an dësem Match hunn geschoss:

 

Steven DOS SANTOS: 8

Yannick SCHROEDER: 2

Charel KREMER: 2

Glenn ARTOIS: 2

Leandro Lopes: 1

Et huet een gemierkt, dass d'Bouwen vun Ufank un Loscht an de e Wëllen haten de leschte Match vun der Saison ze gewannen. Vum Upaff un ass de Géigner aggressiv attackéiert ginn. Esou ass och schonns no enger Minutt den éischten Goal gefall, an duerno ass d'Equipe richteg gutt un d'spillen komm an huet direkt nach e puer Goaler nogeluecht. An der Paus huet ët du och schonns 10:0 gestanen.

 

No der Halbzeit ass awer am Ufank guer näischt gelaf, wëll elo bal jiddereen e Goal wollt schéissen an no vir gelaf ass, wou een deen aneren gehënnert huet. Doduerch ass och an der éischter Véirelstonn keen Goal méi gefall. Op eng Kéier ass de Bal awer erëm besser gelaf, an Berbuerg huet nach op e puer sehenswert Aktiounen e puer Goaler nogeluecht.

 

Dat war e gudden Ofschloss an der Réckronn, wou just een Match verlueren gaangen ass, esou dass mir an dëser Grupp als Zweetplazéierten ofschléissen

Share |