Minimes gewannen hiert lescht Spill géint Syra Mensdorf 5-4 (4-2)

Am leschte Match vun der Saison 2010-2011 konnt eis Minimes Equipe e verdéngten Erfolleg géint Menster feieren, dëst bei dompeg-waarmen Wiederconditiounen.

De Match war knapps 2 Minutten am gaangen, do stoung et schon 1-0 fir d’Heeméquipe no engem Sonndesschoss an de Wénkel vum Alex. De selwechte Spiller konnt nom zweschenzéitlechen Ausgläich nees op 2-1 setzen, nodeems en am Gewulls virum Gol am schnellsten reagéiert huet.

 

Eis Equipe huet e ganz gefällegt Spill opgezunn an deenen éischten 30 Minutten a dat ënnert dem Impuls vum Glenn deen duerch schnell a ganz präzis Passen d’Leit am Stuerm gutt an d’Szeen gesat huet; hei war virun allem de Nicolas zu all Moment geféierlech. Duerch e schlecht Stellungssouill vun eiser Défense konnt Menster awer nach eng zweete Kéier ausgläichen an der Mëtt vun der 1. Halbzeit. Berbuerg/Biwer huet awer schnell réagéiert a konnt duerch 2 weider Goler vu Steven a Cyrille duerch e flotten Volleyschoss virun der Paus nach op 4-2 setzen.

 

Während dem Téi ass 4 mol gewiesselt ginn an et si Spiller erausgeholl ginn déi praktesch ganz Saison duerchgespillt hunn; eise Golkipp Bob konnt seng Qualitéiten als Feldspiller beweisen an eise Kapitän, de Cyrille ass an de Gol gaangen wou hien och eng ganz gutt Leeschtung bruecht huet.

Duerch dës Ëmstellungen koum eise Géigner nees an de Match a konnt duerch 2 weider Goler gléichzéien. Kuerz viru Schluss sinn den Elija respektiv den Alex nees an de Match komm an et war praktesch mam Schlusspëff wou dee lescht genannten mat engem drëtten perséinleche Gol 3 Punkten konnt sécheren fir eis Equipe.

 

Voilà : dat sollt et sinn op dëser Plaz mat de Spillberichter fir d’Saison 2010-2011. De Minimes-Trainer hofft op weiderhin fläisseg Liesen vun iech all an der nächster Spillronn déi am Hierscht nees ufänke wäert.

 

Share |