Poussins gewannen géint Red Boys Aspelt 3:5 (0:1)

Fir hiren zweetleschten Match an dëser Saison waren d´Poussins zu Uespelt ugetrueden. An der éischter Véirelstonn war den Match zwëschen béiden Equipen zimlech ausgeglach.

No engem schéinen Zouspill vum Leandro konnt den Yannick an der 22ter Minutt den Ball riets an den laangen Eck setzen (0:1). Nëmmen zwou Minutten méi spéit huet den Leandro nach eng gudden Schoss géint den Poteau gesat. No enger anstänneger éischter Halschent ass et dunn an d´Paus gaang.

 

An der 35ter Minutt hunn mir dunn den Ausgläich kasséiert. Obwuel den Nick den éischten Schoss nach gutt paréieren konnt, hunn mir en duerno net aus dem Strofraum kritt. Well keen hien richteg attackéiert huet, konnt en Spiller aus Uespelt aus kuerzer Distanz markéieren (1:1). Ganz ähnlech ass och den den 2:1 fir Uespelt gefall. Och hei kruten mir no engem Corner den Ball net direkt evakuéiert an dunn en zweeten Goal aus kuerzer Distanz. Et ass duerno leider en bëssen Onrou an d´Equipe komm an et konnt een fir den weideren Verlaf vum Match fäerten. Dëst ëmsou méi dat mir keen Wiesselspiller haten. Esou war et dann awer gutt an wichteg dat den Steven kuerz Zäit méi spéit den Ausgläich maachen konnt (2:2).

 

Duerno goung et Schlag op Schlag. Obwuel Uespelt erëm vum engem Duerchenaner an eisem Strofraum profitéieren an den 3:2 schéissen konnt, hunn mir direkt duerno iwwert den Charel, den de ganzen Match vill gelaf ass, erëm ausgeglach (3:3).

 

Déi zwee lescht Goaler vun eiser Equipe waren dunn erëm schéin erausgespillt an och verdéngt. No enger schéiner Pass vum Yannick huet den Steven säin zweeten Goal markéiert (3:4). No engem aneren schéinen Zouspill, dës Kéier vum Samuel, konnt den Yannick sech nach mam Ball ofsetzen an propper ofschléissen (3:5).

 

Eis Ofwier ëm den Sam konnten dann och weider Goaler duerch d´Spiller vun Uespelt verhënneren.

 

Obwuel een sech streckeweis en bëssen méi Aggressivitéit an Laafbereetschaft gewënscht hätt, hunn mir dësen Match awer verdéngt gewonn.

 

 

Share |