Minimes verléieren géint Union Remich/Bous 2-0 (2-0)

Et war eng 1. Halbzeit wou eis Equipe net genuch Aggressivitéit un den Dag geluecht huet a wou bannent 5 Minutten de Match praktesch entscheet gouf. Beim 1-0 huet de Réimecher Stiermer méi schnell reagéiert wéi eis Verteidegung an dem 2-0 goung nees e Fehler an eiser Defense viraus.

Berbuerg-Biwer huet virun allem iwwert déi riets Säit duerch den Nicolas Oswald probéiert den Uschlossgool ze markéieren mä et huet un der néideger Präzisioun gefehlt.

An der Halbzeit goufen et Ëmstellungen an der Equipe, well eng Néierlag konnte mer eis net erlaben.

Et ass mat 3 Spëtzen gespillt ginn a mir hunn eng verwandelt Equipe gesinn; mir hunn alles probéiert mä d’Gléck war net op eiser Säit. Esou si reieweiss Schëss vun Alex, Cyrille a Glenn duerch d’Verteidegung respektiv de Golkipp blockéiert ginn.

Konterchancen vun der Härenequipe goufen gutt interceptéiert vum Bob a senge Leit an der Verteidegung.

Et war erfreelech ze gesinn dat déi Equipe net opgin huet an alles dru gesat huet fir deen 1 Punkt mat Heem ze huelen déi mir eis als Minimalziel gesat haten.

 

Et sollt awer net sinn esou dass mir an der nächster Saison eng Klass méi déif wäerten untriede mussen. Eng ëmgebauten Equipe, wou eng Rei talentéiert Spiller aus de Poussins wäerten eropkommen, wäert alles drusetzen fir nees schnell opzesteigen. Dëse klenge Reckschlag soll d’Bou’wen nach weider zesummeschweessen an encouragéieren hire Sport Nummer 1 weiderzeféieren. Schliisslech hunn si am Laf vun deene 5 leschte Joeren Plazen am Championnat vun 1-3 beluecht an deelweis excellent Plazéierungen op Tournéieren gefeiert.

DEEMNO OFSCHLÉISSEND HEI E PUER PERSÉINLECH WIERDER VU MIR :

ECH SI STOLZ DÉI EQUIPE ZE TRAINEREN A GLEEFT MER, ECH SINN OCH FROU LAUTER FEIN, MANÉIERLECH AN DISZIPLINÉIERT JONGEN AM GRUPP ZE HUNN !

 

GUY

Share |