Poussins spille gläich géint Entente Itzeg/Weiler 5:5 (3:3)

No engem ofwiesslungsräichen Match hunn sech béid Equipen schlussendlech 5:5, op engem schwéier bespillbaren Terrain, getrennt. Ons Equipe ass mat deem Handicap ugetrueden, dass e Spiller huet missen an de Goal goen, de Sam Konsbrück, deen seng Saach awer alles an allem gutt gemaach huet.

No engem gudden Ufank vun onser Equipe wou een gemengt huet deen Géigner wär haut einfach ze packen, huet den Steven Dos Santos och schonns no e puer Minutten per Wäitschoss den 1:0 geschoss.Déi eng oder aner Goalchance gouf nach ausgespillt, awer de Géigner huet esou lous d'Iwwerhand kritt well Disziplin verluer gaangen ass an och Zweekämpf praktesch all verluer gaangen sinn.

Leider huet du déi Itzeg/Weiler Equipe een onberechtegten Eelefmeter kritt, deen de Jérôme hätt sollten verschollt hun, an den 1:1 Ausgläich markéiert.Duerno huet ons Equipe d'Heft awer ganz aus der Hand ginn an kuerz drop erëm, wéi déi Matcher virdrun, duerch e Corner 2:1 hannen geleeën. Bei engem Géigenugrëff huet Berbuerg/Biwer awer kuerz drop schon erëm gläich gezunn duerch de Filipe Pinto vun Biwer. Wien duerno gemengt huet e géif besser goen hat sech getäuscht. De Géigner war vill méi aggressiv a laafbereet an konnt sech nach Goalchancen erausschaffen.

Du war et erëm op e Corner wou den 3:2 fir Itzeg/Weiler gefall ass.Glécklecherweis huet de Yannick Schroeder kuerz drop nach den Ausgläich gemaach. Just virun der Paus war de Steven schéin fräigespillt ginn, konnt awer alleng virum Goal de Ball net ënnerbréngen, esou dass et mat 3:3 an d'Paus gaangen ass.

 

 

No der Halbzeit huet et ausgesinn, dass eng aner Equipe op Terrain steet. Direkt hun mir de Géigner ugegraff an et huet och nëmmen 2 Minutten gedauert bis de Steven no engem Corner vum Charel Kremer zum 4:3 eragesaat huet. Du war d'Méiglechkeet do vir onse Virsprong auszebauen, awer duerch e puer Onkonzentréiertheeten an der Ofwier waren mir op eng Kéier erëm 5:4 hannen. Du huet d'Equipe sech awer endlech zesummegerappt an och de schéinsten Goal vum Dag markéiert.

De Yannick geet iwwert déi rechts Säit duerch, passt op de Filipe an d'Mëtt, deen de Ball aus vollen Laf an de Wénkel heet. Déi lescht 15 Minutten huet ons Equipe endlech de Kampf ugeholl, an schlussendlech hätt deen Match nach kéinten gewonn ginn.

 

Als Fazit kann een festhalen, dass mir einfach ze vill Goaler geschoss kréien, an et esou schwéier gëtt géint gläichwäerteg Géigner ze gewannen. Do muss drun geschafft ginn.

Share |