Berbuerg notzt den leschten Barrage-Matchball.

Zu Éilereng gewannen eis Jongen no engem Krimi 2-1 (0:0) an hunn sech domadder fir den Barragenmatch Enn der Woch qualifizéiert. Vill matgereesten Berbuerger hun vun Ufank un gesinn wei déi Giel-Schwaarz Drock gemaach hunn an vun der éischter Minutt un hier Chancen haten.

An der 13. Minutt  huet den Yannick Schreiner no enger gudder Flank vum Christian Albrecht de Goal mat engem Kappball verfeelt. An der 20. Minutt war et och den Yannick, deen een gudden Schoss net plazéieren konnt.

No 30 Minutten koumen déi Éilerenger besser an d'Spill an hunn gutt dergéint gehal. Eis Jongen haten ëmmer méi Problemer: vill Fehlpäss am Spillopbau oder onneideg Ballverloschter hunn och dozou bäigedroen dass den FCE zu geféierlechen Aktiounen koum.

Sou huet eis den Jean-Claude Semowoniuk mat enger super Parad an der 43. am Match gehal, an eng Minutt drop haten mer Chance dass déi Éilerenger just d'Aussennetz getraff hun.Mat 0-0 as et an d'Paus gaang an Tëscheresultat aus Éinen huet bedeit, dass mer onbedéngt déi 3 Punkten brauchen fir an den Barragenmatch ze kommen.

 

Daat hun eis Jongen och ëmgesat: An der 48. Minutt verpasst den Christophe Frank den Goal nëmmen knapp, no gudder Flank vum Steve Lacroix. An der 56.Minutt war et den Christian Albrecht deem säin gudden Waitschoss paréiert ginn ass.

An der 70. Minutt koum dunn déi kal Dusch: den Éilerenger Stiermer gouf  am 16er geluecht an krut den Eelefmeter zougesprach, deen den FCE och verwandelt huet.

Den Schock war awer net fir laang, well 1 Minutt drop gouf den agewiesselten David Schuster am Éilerenger Stroofraum geluecht an Berbuerg krut den Eelefmeter zougesprach. Den Christophe Frank huet an der 72. Minutt eiskaal zum 1-1 agenetzt.

Dei Berbuerger waren weider spillbestëmmend an goufen an der 79. Minutt och belount. Sou war et den agewiesselten Manuel Haupert deen den erleisenden 2-1 markeiert huet.

D'Resultat konnt bis déi 90. Minutt gehalen gin an sou hun sech eis Jongen no engem duerchwuessen Match awer nach selwer belount.

 

Berdenia Berbourg: Semowoniuk - Weidert, Albrecht, Schmit, Kaufmann - Osmanovic, Lacroix, Sequeiros, Guth - Schreiner, Frank

 

Bänk: Bossers, Haupert, Schuster, Dockendorf

Share |