Minimes spille gläich géint den Tabelleleader vu Rouspert 1:1 (1:1)

Béi summerlechen Temperaturen hunn eis Minimes Equipe en absolut verdéngten Punkt geholl géint den Tabelleleader vun der Sauer

Trotz 4 Leit déi gefehlt hunn, war et iwwert déi 60 Minutten eng engagéiert Equipe vu Berbuerg-Biwer déi probéiert huet de Match ze kontrolléieren.

E Mëssverständnis an der Verteidegung huet awer den 0-1 bruecht vu Rouspert, dëst an der Mëtt vun der 1. Halbzeit. Eis Equipe huet sech awer net aus dem Konzept brénge gelooss a probéiert schnell ze reagéieren; sou war et Wéitschoss vum Glenn deen de Keeper nach konnt halen, mä géint dem Nicolas séin Gefälschtes Schoss kuerz drop war de Golkipp ouni Chance.

Weider ass et gaangen Richtung Rousperter Gol, an no engem Fréistouss vum Alex, ass dem Cyrille séi gudde Kappball knapp iwwert Kräiz gaangen.

Duerno war et Zéit fir eng Erfrëschung beim Halbzeitstand vun 1-1.

No der Paus hat Rouspert eng ganz gutt Chance mä de Stiermer huet aus gudder Positioun d’Lat getraff. Et sollt der Equipe vu Rouspert hir lescht Chance am Match sinn.

Eis Equipe huet alles probéiert a war nach geféierlech bei Fräistéiss vum Alex. Heibäi huet dee lescht genannten emol just driwwer gesat, an eng aner Kéier huet de Yannick och op Fräistouss hin, de Ball knapp verfehlt. E weidere Wéitschoss vum Robin ass laanscht de lenke Poteau vum Rousperter Gol gezischt.

Berbuerg-Biwer hätt opgrond vun de Spillundeeler déi dréi Punkten verdéngt gehat, mä et sollt net sinn, ëmsou méi de Jo kuerz viru Schluss am Stroofraum gefoult gouf, mä de Eelefmeterpef blouf aus.

Fazit vum Nomëtteg : mir hunn am Verglach zum Match géint Mutfert eng verwandelt Minimeséquipe gesinn, déi spilleresch an och kämpferesch absolut ze iwwerzeegen wousst.

Esou gëlt et och déi zwee lescht Matcher opzetrieden fir e positiven Saisonofschloss ze feieren !

Share |