Minimes verléieren géint Entente Mensbech/Mutfort 4-2 (3-1)

Op engem knubbelechen Terrain zu Mutfort war eis Equipe 4-2 ënerleeën, dëst no enger 1. Halbzeit wou absolut keng Uweisungen a punkto Asatz an Aggressivitéit respektéiert goufen.

Wéi schon esou oft an dëser Saison si mer no engem Corner 1-0 hanne komm; heibei konnt de Spiller vu Mutfort sech den Eck eraussichen. Den Ausgléich kuerz drop as gefall duerch en Elefmeter vum Alex. D’Konzentratioun vun eiser Equipe war trotzdem inexistent an direkt iwert den Ustouss vun Mensbech/Mutfort as den 2-1 gefall. Virun der Paus konnt d’Heeméquipe per Elefmeter op 3-1 setzen.

 

An der Paus as méi hart geschwat gin am Groupe an eis Equipe huet endlech dee vermëssten Asatz an deenen 2ten 30 Minutten gewisen ouni awer technesch op deem schwéier bespillbaren Terrain ze iwerzeegen.

 

D’Heeméquipe, déi eiser kiiperlech komplett iwerléen war, konnt kuerz nom Téi op 4-1 fortzéien, mee vun deem Moment un huet eis Equipe réagéiert an de Match diktéiert. E Wéitschoss vum Cyrille huet schnell den 4-2 bruecht, an et goufen duerno nach Chancen, well sech iwert de Kampf beméit gouf fir eng Resultatskorrektur. Et sollt awer net sin an Mensbech-Moutfort huet de Match verdingt gewonnen opgrond vun der 1. Halbzeit.

 

Mir hale fest : et geet net duer sech 30 Minutten ze wiiren am Ofstiegskampf, soss riskéiert eis Equipe, déi gudde Fussball ka spillen a wou den Equipegeescht stëmmt, eng Divisioun méi niddreg ze spillen next Saison.

 

 

Share |