Poussins spille gläich géint FC Syra Mensdorf 4:4 (2:1)

Trotz Ënnerzuel konnt d'Equipe vun Berbuerg bei deem Match mathalen an hätt och missten gewannen.

No 20 Minuten wou déi zwou Equipen déi eng oder aner Goalchance haaten, huet Mensdorf no engem Corner per Kappball zum 1:0 getraff.

 

Kuerz drop war ët bal eng Kopie vun deem Goal, awer op där anerer Säit. De Charel huet de Corner rabruecht an de Glenn Artois huet de Ball mam Kapp eragesat. Virun der Paus huet de Glenn op der Ausselinn e Géigespiller ausgespillt an de Ball schéin op de Leandro Lopes zeréckgespillt deen zum 2:1 Pausestand erageschoss huet.

 

Direkt no der Paus huet Menster méi Drock gemaach, no engem Corner fir si, huet de Leandro awer no engem schnellen Konter op 3:1 erangesaat. Onglécklerweis ass bei där nächster Aktioun, no engem direkt verwandelten Corner den 3:2 schon gefall.

 

Duerno huet Menster d'Spill duerch d'Iwwerzuel kontrolléiert, awer Berbuerg haat bal zum 4:2 getraff. De Charel huet vun lenks erageflankt an de Glenn am Zweekampf mat sengem Géigerspiller huet de Ball am Goal ënnerbruecht. Den Arbitter huet awer op Fräistouss fir déi aner Equipe entscheed, esou dass de Goal nët geziehlt huet.

 

Du ass ët komm wéi ët komme musst, an déi Menster Equipe huet den Ausgläich geschoss. Wien gemengt huet d'Berbuerger Equipe géig d'Käpp hänken loossen, haat sëch geirt, déi besser Goalchancen haat Berbuerg. An duerch eng schéin Eenzelaktioun huet de Glenn den 4:3 markéiert.

 

Goalchancen fir Berbuerg sin ët och duerno nach gin, konnten awer nët erangessat gin, well de Keeper och ganz gudd gehalen huet. Mensdorf huet dunn nach kuerz virun Schluss den 4:4 Ausgläich geschoss.

 

Kompliment fir d'ganz Equipe, déi géint e gudde Géigner an Ënnerzuel viirbildlëch an disziplinéiert gespillt huet. Weider esou!!

 

Share |