Berbuerg 1 verléiert mat vill Pech géint den Tabellenzweeten Yellow Boys Weiler 2:3 (2:1)

Am zweetleschten Match vun der Saison verléieren déi Berbuerger virun villen Spectateuren 2-3 géint Weiler, déi mat dësen 3 Punkten den direkten Opstieg feieren konnten.

 

 

Am Ufank huet et nach guer nët no enger Weiler Opstiegsfeier ausgesinn: Den Match hat heigen Tempo an béid Equipen hun sech näischt geschenkt. Et war den Ernis Osmanovic, deen mat engem Schoss aus 18 Meter den 1-0 fir eis Faarwen markéiert huet. Aggressiv Zweekämpf am Mettelfeld an gutt organiséiert Oofwierreihen hunn dozou bäigedroen dass an der éischter Halschent wéineg Goalchancen ze verzeechnen waren, ouni dass et awer een schlechten Match war.
An der 40. Minutt huet sech den Christophe Frank bei enger gudder Aktioun no fir een Häerz geholl an aus ca. 20 Meter onhaalbar an d'Kraiz agenetzt huet.  Kuerz virun der Paus (45. Minutt) koumen déi Weiler rëm zréck an den Match, wou se no engem Corner den 2-1 konnten markeieren.
Dat selwecht Bild an der 2. Halschent. Heigen Tempo mat engem liichten Berbuerger Iwwergewiicht. Sou haten den Berni Sequeiros an den Tom Schmit 2 gudd Geleeënheeten (54. + 55. Minutt). An der 58. Minutt gouf et eng grouss Opreegung, wou eng kloer Tätlechkeet géint den Berni net bestrooft ginn ass. Kuerz drop hunn déi Weiler den 2-2 markéiert.
 
Wéineg geschockt, hunn mir weider eisen Match gespillt. Chancen haten mir, ënner anerem ee super Waitschoss vum Serge Guth 68.Minutt, wei och den agewiesselten David Schuster an der 69. + 75. Minutt.
 
Et waren dunn awer rëm déi Weiler, déi markéiert hunn, an zwar an der 77. Minutt den 3-2.
 
Eis Faarwen hunn sech awer net opginn an weider no fir gespillt. Sou war et an der 92. Minutt wou mer den 3-3 markéiert hunn, deen den Arbiter awer leider net hannert der Goallinn gesinn huet, sou dass et um Enn bei der onglécklecher Neierlaag bliwwen ass.
 
Op dësem Wee wëllen mer dann och deenen Weiler fir hier super Saison an zu hirem Opstieg gratuléieren an mir wënschen hinnen Bonne Chance an der 1. Divisioun.
Share |