Berbourger Poussins gewannen géint CEBRA 4-7 (1:3)

Den Dënsdeg den Owend hun d'Poussins géint CEBRA gewon. An deenen éischten 5 Minuten war Berbuerg schons 1:0 vir duerch den Charel Kremer. Duernô war de Fuedem awer gerass an mir hun keng Uerdnung méi am Spill fond, wëll bal jiddereen wollt e Goal schéissen. De Géigner huet sëch ëmmer méi Goalchancen erausgespillt an huet dës glécklerweis nët verwert oder den Nick huet gudd gehalen. Den 1:1 Ausgleich war awer nët ze vermeiden.

Duernô sin déi Berbuerger erem besser an d'Spill komm. De Leandro Lopes huet en Eelëfmeter mat Noschoss verwandelt an kuerz drop op herrlëch Zouspill vun der Ausselinn vum Yannick den 3:1 markéiert.

No der Paus hun mir awer direkt den 2:3 kasséiert. Zum Gléck huet den Glenn Artois direkt nom Ustouss erëm den 2 Goalerënnerscheed hiergestalt. Defensiv hun mir awer ganz schlecht gestaanen, d'Equipe vun CEBRA huet duernô dauernd gedréckt an huet och eng Réih Goalchancen kritt. Dass de Géigner trotz zwee weideren Goaler nie konnt gläichzéihen war zum engen dem Goalkeeper Nick Assel ze verdanken an och dem Sam Wainwright, deen déi 2. Halbzeit praktësch all Zweekampf konnt hannen gewannen. Zum aaneren war Berbuerg awer ëmmer geféierlëch op Konter an de Glenn an zweemol de Yannick Schroeder hun duernô de Ball nach am Filet vum Géigner ënnerbruecht, esou dass ët zum Schluss awer zum 4:7 komm ass.

Share |