Berbourg 1 erkämpft sech ë wichtegen Remis zu Remich 3:3 (1:1)

E Mëttwochowend hun sech eis Jongen viru villen Berbourger Supporteren géint Remich/Bous ee ganz wichtegen Punkt erkämpft an dobai grouss Moral bewisen

Vun der éischter Minute un, hun dei Berbourger keen Zweifel opkommen gelooss an déi Réimecher dei éischt hallef Stonn regelrecht widert Mauer gespillt. Sou hu sie zum Beispill en 0-1 markéiert, deen awer leider oofgepaff gin as. An der 9. Minute haaten mer duerch Frank an Halimovic direkt 2 gudd Geleeënheeten, sou wei och an der 13. Minute, rëm duerch den Halimovic.  No 30 Minuten Dauerdrock as de Match e bëssen ofgeflaacht. Eenzegen Opreeger war nach een schlemmt Foul um Dejvid Halimovic an eng Kappballchance duerch den Christophe Frank an der 41. Minute. Mat 0-0 sin d'Equipen dunn an d'Paus gaang.

 

No der Paus koumen déi Remicher besser an den Match an haaten och dei eng oder aaner Geleeënheet. Et waren awer dei Berbourger, dei duerch een oofgefälschtenen Wäitschoss duerch den Manu Kaufmann an der 58.Minute den heichverdéngten 1-0 markéiert hun. E puer Minuten drop war et dunn scho rëm riwer mat der Freed. Déi Remicher hun den 1-1 no engem Corner markéiert. Berbourg, nach ëmmer spillbestëmmend, haat weider Geleeënheeten an as an der 68. Minute duerch den agewiesselten ManU Haupert per Wäitschoss rëm a Féierung gaang. Nom 2-1 as et nemmen nach hin an hier gaangen: béid Equipen hun alles no vir gehäit. Den Jean-Claude Semowoniuk huet eis Faarwen an der 75. Minute duerch eng gudd Parad am Spill gehaal, mee konnt 2 Minuten drop den 2-2 vun den Remicher nët verhënneren. Den Géijengoal hun eis Jongen schwéier verdaut, an déi Remicher den Drock erhéicht an hun och an der 84. Minute den 3-2 markéiert, nodeems 5 Minuten virdrun een Abseitsgoal vun Remich nët gezielt huet.

Ween lo geduecht haat, dass ët daat gewiescht wier, louch falsch. Eis Jongen hu rëm Vollgas gin an hun alles op eng Kaart gesaat. An der 90. as den Mut och belount gin: De Christian Albrecht käppt den 3-3 no engem Corner.

Leider haaten mer nach 2 Riesenchancen, Halimovic an der 91. Minute a Frank an der 94. Minute, déi mer awer nët méi notzen konnten, sou dass dëse Krimi mat 3-3- op een Enn gaangen as.

Berbourg: Semowoniuk - Dockendorf, Schmit, Albrecht, Kaufmann - Thies, Lacroix, Sequeiros, Osmanovic - Frank, Halimovic

Bänk: Schreiner, Guth, Weidert, Haupert, Scholtes

 

Mir felicitéieren dem FC Jeunesse Jonglenster fir hieren virzäitegen an verdeengtenen Opstieg an fir dei super Saison dei se gespillt hun an wënschen Bonne Chance an der 1. Divisioun

Share |