Berdenia Berbourg 1 spillt haut den Owend géint Union Remich/Bous

E wichteje Match steet haut Mëttwoch, 11. Mee um 19:30 Auer um Programm fir eis 1. Equipe. Sie spillt zu Réimech géint den 5. aus der Tabelle, der Union Remich/Bous.

Nô enger nët ëmmer konstanter Leeschtung an deene leschte Matcher, mir erënneren un d'Leeschtung vun der Equipe am Match  géint Biwer, ass  ët fir den Owend zu Réimech ze weisen dat mir gudde Fussball spille kënnen, den Uschloss u Jonglënster a Weiler ze haalen, an de Virsprong op den FC 91 Rodange ze verteidegen, eng Rodanger Equipe déi allerdengs de leschte Sondeg verluer huet géint … Remich/Bous.

 

Ët ass un eiser Equipe fir den Owend konzentréiert, mat Engagement an dëm feste Wëllen de Match ze wannen, op den Terrain ze goën. Un de Berbourger Supporter ass ët den Owend op Réimech ze kommen, an hir Equipe kräfteg ze ënnerstëtzen.

Share |