Berbourg 1 gewënnt geint den AS Letzebuerg-Porto 3-1 (1:0)

Bei summerlëchem Wieder a waarmen Temparaturen hun béid Equipen ët relativ douce ugoë gelooss. Sou goufen ët déi éischt 15 Minuten ausser vereenzelt Distanzschëss keng nennenswert Aktiounen.

An der 18. Minute war et ë Fräistouss vum Berni Sequeiros, deen de Keeper nët kontroléiere konnt an ze kuerz dégagéiert huet, an dee  fir den 1-0 fir dei Giel-Schwaarz gesuecht huet. Et war den Ernis Osmanovic dee ganz oofgeklärt aus 15 Meter onhaalbar agenëtzt huet.

Nom Goal huet den Match ë bëssen méi Tempo opgeholl, ass awer nô vereenzelten Chancen op béide Säiten mam 1-0 an d'Paus gaang.

 

Nô der Paus sin et déi Berbuerger dei den Drock erhéijen an den AS Lëtzebuerg fänkt un, ëmmer méi nervös ze gin. 3 weider super Aktiounen ( Halimovic - 55., Frank - 56. a Lacroix - 60. op d'Laatekräiz) sin ouni Erfolleg bliewen. An der 61. Minute sin eis Beméiungen dunn awer belount gin. Den David Schuster, die mëttlerweil fir den Yannick Schreiner op den Terrain komm war,  gouf gudd op der rietser Sait agesaat, an huet dem Dejvid Halimovic de Ball opgeluecht, deen zum 2-0 markéiert huet. De Match huet sech nom Goal rëm e bëssen berouegt, an déi Berbuerger hun den Tempo nët méi esou héich gehaal. An der 80. Minute huet den Jean-Claude Semowoniuk eis mat engem super Reflex am Spill gehaal, éiert déi Berbuerger an der 83. Minute duerch den Dejvid Halimovic dën 3-0 nô engem Aworf vum David Schuster markéiert hun. An der 90. Minutt haat den Christophe Frank nach den 4-0 um Fouss, mee ët sollt nët sin.Sou waren ët d'Jongen vum Fëschmaart déi den Schlusspunkt gesaat hun, an daat an der 95. Minute no engem sehenswerten Fräistouss.

 

3 wichteg Punkten, déi eis mat Sëcherheet den neideje Réckewand fir dei läscht 3 "Endspiller" waerte gin. Weider sou Jongen !!!

 

Berdenia Berbourg: Semowoniuk - Weidert, Albrecht, Schmit, Dockendorf - Osmanovic, Lacroix, Sequeiros, Schreiner - Frank, Halimovic

 

Bänk: Schuster, Scholtes, Thies, Haupert

 

Share |