Minimes gewannen géint Canach 3:0 (1:0)

Eis Minimes Equipe huet den Tabellelëschten kloer a verdingt mat 3-0 dominéiert. Berbuerg-Biwer huet de Match iwert déi 60 Minuten kontrolléiert an koum no enger Rei ausgeloossene Chancen an der Mëtt vun der 1. Halbzeit 1-0 vir. Heibéi huet de Nicolas sech gudd duerchgesaat op der lenker Säit, a konnt den Alex um Plateau servéieren an de Ball war eng éischte Kéier am Netz.

2 weider Goaler vum Alex, beschte Mann um Terrain, huet eis Equipe op de Wee vun der Victoire bruecht. Heibéi konnt hien vu senger gudder Schosstechnik profitéieren bei sengem 2 Goal wou hien vun hallew riets mat engem festen a plazéierte Schoss dem Keeper absolut keng Chance gelooss huet, an zum 2-0 erasetze konnt.

 

Canech hat e puer Wéitschëss opzeweisen déi awer hirt Ziel all Kéier knapp verfehlt hun.Déi définitiv Entscheedung koum dann nach emol duerch den Alex, dës Kéier op en excellent Zouspill vun Cyrille vun der Ausselinn.

 

Mat dësem verdingten Erfolleg huet eis Minimes Equipe sech gudd zreckkaaft no enger onglécklecher Néierlag géint Réimech-Bous, an huet elo nees all Chance d’Klass ze erhaalen.

Share |