Freides den 10 Juni: 11-Meterfest um Virowend vum Penaltytournoi

Den  11  Juni 2011 fënnt bekanntlech fir 3. Kéier de Penaltytournoi statt, dien vum FC Berdenia Berbourg organiséiert gët. Eppes besoneches hun sëch d'Organisateuren dëst Jar fir de Virowend vum Penaltytournoi ausgeduecht: en 11-Meterfest mat engem flotte Concert vun der Bech-Berbourger Musek

Et soll e flott Duerffest gin, fir d’Leit aus den Gemengen Bech a Manternach an deenen âneren Dierfer aus der Emgeigend.  Als “11-Meter Spezial Menu” proposeieren mir eng Portioun Pouletsfliiten  mat Fritten, ët gët awer och gegrillt.

 

Dat ganzt ass fir jonk an aal a fennt uewen um Parking niewt de Fussballsterraiën statt. Lass geet ët Freides owes den 10. Juni 2011 um 19:00 Auer, an ët get deen Owend och kee Fussball gespillt an keng 11-Meteren geschoss.

 

D’Bech-Berbuerger Musek hun mer engageiert fir lëschteg Stemmung ze suergen, sie spillen ab 20:30 Auer.

 

Informatiounen iwer de Penaltytournoi, fannt dir wann der de Link rechts uewen op dëser Homepage "WANTED-KINGS OF PENALTY" uklickt.

Share |