Berbourger Minimes verléiere knapp géint Union Remich/Bous 2:3 (2:2)

Eis Minimes Equipes huet no engem ausgeglachene Match schlussendlech 2-3 verluer, a steet elo no 3 Néierlagen, engem Gléichspill an engem Erfolleg am Ofstiegskampf!

No 2 Minutten Spillzéit stong et schons 0-1, dëst nodeem e Spiller vum Géigner konnt ongehënnert an d’Mëtt flanken wou de Kolleeg prett stoung fir an de Filet ze setzen. Berbourg-Biwer konnt kuez drop gléichsetzen duerch e Wéitschoss vum Cyrille, heibéi huet de Goalkeep vun der Equipe vun der Musel schlecht ausgesin. Den 1-2 war praktesch eng Copie vum 0-1, et as dem Géigner einfach ze vill Plaz gelooss gin fir ze kombinéieren an ofzeschléissen.

Virun der Paus as no guddem Direktspill zwëschen dem Nicolas an dem Alex duerch dee lechtgenannten den 2-2 gefall. Deemno eng 1. Halbzéit wou eis Equipe villes a puncto Aggressivitéit an Asatz vermësse gelooss huet!

Dat sollt awer an deenen zweeten 30 Minutten besser gin, do huet et um néideche Gleeck gefehlt fir de Match als Gewënner ze verloossen. Wann d’Gleeck da fehlt, kënnt och nach Pech dobäi an Réimech/Bous huet duerch en Handeelefmeter schlussendlech 3-2 gewonnen.

Et as nach néischt verluer an et gëllt elo e Samsdeg mat absolutem Wëllen vun all de Spiller géint Kanech 3 Punkten ze huelen, fir de Kontakt mat den Equipen déi just virun eis léien an der Tabell, nët ze verléieren!

Share |