2. Equipe vu Berbourg verléiert géint Munsbach 4:1 (2 :0)

Ersatzgeschwächt ass déi 2. Berbourger Equipe zu Mënsbech ugetratt, dëst um syntheteschen Terrain. Am Ufank vum Spill, ass ët hin an hir gangen, ouni dat eng Equipe eng uerdentlëch Chance gehât hätt.

Den 1:0 fir Mënsbech ass gefall duerch e Fehler an der Berbourger Hannermannschaft, de Keeper konnt de Schoss zwar nach paréierën, mee den Nôschoss vun engem Mënsbecher Spiller, dien frei zum Schoss koum ass eragangen. Den 2:0 ass gefall nodiem e Mënsbecher Spiller 3 Berbourger stoëgeloss huet, an e Matspiller ugespillt huet, dee keng Méih haat fir de Goal ze markéieren. Vu Berbourger Säit bléiwt nach ze soën, dat de Bob Kohnen e Kappball aus 7 Meter nët konnt erakréien.

 

An der 2. Hallschecht huet ë Mënsbecher Spiller, nô engem Foul um David Schuster, d’roud Kaart gesin. Nô engem Foul um Sven Ekelmann, huet de ManU Haupert ën Eelefmeter sëcher verwandelt, an op 2:1 verkierzt. Trotz méi Ballbesëtz an engem Mann méi um Terrain op Berbourger Säit, huet Mënsbech nô engem Corner den 3:1, an duernô och nach de 4:1 kënne schéissen.

Share |