Berbourger Poussins gewannen géint Union Remich/Bous 7:1 (3:1)

Déi Berbuerger Equipe huet ganz schwaach ugefaangen an ët huet laang gedauert bis den éischten Goal gefall ass. Trotz enger Réih Goalchancen fir eis Equipe, huet ët bal bis zur 20. Minute gedauert bis de Leandro e Corner vum Charel per Seitfallzieher erangeschoss huet.

 

Wien gemengt huet duerno géif ët besser goen haat sëch getäuscht. No engem Pressball war de Ball op eng Kéier an onsem Goal geland an ët huet 1:1 gestanen. Glëcklecherweis huet den Charel direkt nom Ustouss den 2:1 markéiert, no engem Solo an zwee Noschëss. Kuerz virun der Paus huet de Yannick nach den 3:1 erangesaat.

 

No der Paus haat déi Berbuerger Equipe dann awer de Match am Grëff an de Géigner haat praktësch keng Goalchance méi. Et waren du nach eng Kéier 2 mol de Yannick, de Charel an de Leandro déi zum 7:1 Endstand getraff hun.

 

Et waren nach eng ganz Réih Goalchancen do fir méi héich ze gewannen, déi awer leider nët genotzt goufen.

Share |