Berdenia Berbourg 1 gewënnt géint den Tabellenéischten Jeunesse Junglinster 2:1 (0:1)


Et war net deen erwaarten Topmatch, mee dofir ee richtegen Derby.
Direkt an der 2. Minute war ët de Christophe Frank deen nô 4 Matcher wou e gespaart war rëm mat um Start war, an deen am 16ter geluecht gouf, leider ouni dass den Arbiter op den Punkt gewisen huet.

Donô ass de Match e bëssen ofgeflacht ouni dass sech béid Equipen grouss Chancen erausspillen konnten. An der 26. Minute huet den Mario Dockendorf missten ausgewiesselt gin, an gouf nô takteschen Emstellungen duerch den Dejvid Halimovic ersaat. Mee och dei Lënster hu schon an der 37. Minute  2 môl verletzungsbedëngt missten wiesselen. Sie hun dun och an der 39. Minute den 0-1 nô enger sehenswerter Eenzelaktioun markéiert. Dei Berbuerger konnten nët mei vill dogéint setzen, sou dass den Match och mam 0-1 an d'Paus gaang as.


No der Paus sin déi Giel-Schwaarz awer mei staark op den Terrain komm an hu sech e liicht Iwergewiicht erspillt. Nô e puer grousse Chancen (Halimovic a Lacroix) ass den David Schuster am 16ter gestoppt gin, an dës Kéier gouf et den 11-Meter. Den Christophe Frank huet sech en Härz geholl an an der 72.Minute zum 1-1 erageschoss. E puer Minutten donô, gouf dunn dei dréckend Berbuerger Iwwerleeënheet duerch de Yannick Schreiner genotzt, deen den 2-1 markeiert huet. Dëst war och daat verdengtend Endresulat, well déi Lënster konnten hier läscht Grousschance an der 86.Minutt nët notzen an kruuten och nach an der 89. Minutt ee Spiller mat Giel-Rout vum Terrain gesaat.


Asaatz, Teamgeescht an eng super Kampfbereedschaft waren den Schlëssel fir de Leader ze stierzen. Gudd sou, Jongen!

Berbourg: Semowoniuk - Dockendorf, Weidert, Schmit, Kaufmann - Thill, Osmanovic, Lacroix, Schuster - Sequeiros, Frank
Bänk: Crelo, Halimovic, Ekelmann, Schreiner

Share |